Skip to content

Gemengewal 2023

Jean-Luc Kuhlmann

50 Joer, Altwis Gemengerot Privatugestallten

Fir déi di mech nach net kennen, méin Numm ass Jean-Luc Kuhlmann hunn 50 Joer an wunnen zu Altwis an sinn elo 8 Joer hannert eneen am Gemengerot. Meng Zieler bleiwen di nämmlecht wie di Joren virdrun. Eng transparent Politik am géigensäitege Respekt, den Verkéier den Iwwerhand hëlt, Digitalisatioun, an Infrastrukturen an eiser Ge-meng ze moderniséieren an ze valoriséieren ouni dass d’Käschten aus dem Rudder lafen.

Paul Bichler

30 Joer, Elleng Elektriker

Mäin Numm ass Paul Bichler, Ech sinn 30 Joer al an kommen vun Elleng.

Lieweg Gemengen sinn geprägt vun engem vitalen Veräinsliewen dat den tëschemënschlechen Kontakt vun sengen Matbierger stäerkt. D‘ Veräinsliewen baséiert zu engem groussen Deel um Benevolat an um Zesummeschaffen vun allen Aktiven egal wéi hier Hierkonft, hiren Liewensofschnëtt oder hier gesellschaftlech Stellung ass. Ech wëll mech fir d’Ënnerstëtzung vun den Veräiner, fir d’Stäerkung vum Benevolat an soumat fir Zesummeschaffen vun allen Bierger*innen an eiser Gemeng asetzen fir datt d’Veräinsliewen och weider eng Zukunft huet. Duerch en veräinsiwwergräifenden Dialog an d’Weiderentwécklung vun den Infrastrukturen (Sport a Kultur)  soll eng nei Dynamik entstoen, déi Gemeng Munneref  iwwert hier Grenzen eraus am Land an an der Groussregioun attraktiv mécht. De bezuelbaren Wunnraum ass fir mech eng aner  politesch Prioritéit an hei sollt niewent dem Neibau och d’Zesummenaarbecht mat der Agence Immobilière Sociale gesicht an ausgebaut gi.

Tun Coelho

52 Joer, Elleng Elektro Mechaniker

Moien, mäin Numm ass Coelho Tun, 52 Joer, bestuet an ech wunnen zu Elleng.

Ech sinn fir d’3. kéier op der Lëscht. Et mëscht ëmmer erëm Spaass an esou enger dynamescher Equipe fir eis 3 Sektiounen zu Mondorf ze schaffen.Fir mech ass d’Gesondheet dat aller wichtegst. Dozou brauch een ee bezuelbaren Dag iwwert dem Kapp. D’Sécherheet fir d’Kanner, Fraen an di eeler Generatiounen kommen fir mech direkt op 2. Platz. Wéi mer et an den Medien gesinn, ass keen dobaussen sëcher. Pompjeeën ewéi och Ambulancier, Buschauffer an mëttlerweil och Kanner agresséieren an gi agresséiert. Méi Brutalitéit an manner Respekt. D’Liewensqualitéit muss erëm genéisbar ginn. Dofir muss d’Police um Terrain Present sinn. Dir gitt eis d’Vertrauen an mir paken den Stéier mat den Haaren. Fier Iech Merci

José F. Correia

COISO-Informatiker

Mäin Numm ass José F.  Correia, 57 Joer, a wunnen zu Munneref zënter 2019. Ech sinn responsabel fir d’Sécherheet an enger Firma. Dat hei ass mäin éischt Engagement an der Politik. D‘Entwécklung vun der Gemeng, hir Zukunft an hir Orientatioun a punkto Mobilitéit, erneierbar Energien interesséieren mech ganz besonnesch. D‘ Integratioun vun den neien Awunner(Lëtzebuerger an Netlëtzebuerger) an eng Gemeng, déi ëmmer méi grouss gëtt, sinn déi Punkten, déi mir besonnesch um Häerz leien an do well ech den Haaptakzent vu mengem Engagement an der Gemengepolitik leeën an dat zum Wuel an deem Zesummeliewen vun allen Bierger an eiser Gemeng.

Sandra De Campos Valente

42 Joer, Munneref Assistante sociale

Mäin Numm ass Sandra DE CAMPOS VALENTE, ech hunn 42 Joer an wunnen zënter ëmmer zu Munneref. Ech sinn Mamm vun 3 Meedercher an üben mäin Beruff als Sozialaarbechter am Beräich vun der Eltere Ënnerstëtzung an enger Asbl aus.

Et leit mir um Häerz eng Foussgängerzone anzeriichten, fir datt Grouss an Kleng an hirem Rhythmus an aller Sécherheet trëppelen kennen. Ech wënschen mir eng Gemeng déi no beim Bierger an och weekends zu verschiddenen Zäiten op ass. Fir déi ganz Kleng, wier d’Schafen vun enger Natur-respektiv Bëschcrèche eng Beräicherung fir eis Famillen. Mat iech an fir Iech!

Elisabeth Engels

62 Joer, Altwis Pensionärin

Méin Numm ass Elisabeth Engels, mee d‘Leit nënnen mech einfach Lily. Ech hunn 62 Joer an wunnen zu Altwis. Ech sinn Mamm vun 3 Kanner an 6 fach Boma an hunn 26 Joer ob der Gemeng Munneref geschafft. Meng Hobby’n sinn schwammen an fir meng Famille do ze sinn an freeën mech schonn fir an eiser neier Schwemm um Greimelter kënnen schwammen ze goen. Mir läit um Häerz dass an eiser Gemeng méi Hetzeschutz entsteet an dass mir trotz deenen extremen Temperaturen awer nach am Schied geselleg kënnen zesummen setzen oder Fester feieren. An wat gutt fir eis alleguer ass,

kann fir eist Klima net schlecht sinn.

Josée Henriette Feyereisen

55 Joer, Munneref Fonctinnaire

Mein Numm ass Josée Feyereisen 55 Joer , Ech wunnen zu Munneref. Mein Uleien ass den öffentlechen Transport , Owes vun der Letzebuerger Gare ze verbessern , ab 20.00 fiert de Bus nemmen a Stonnen Takt , a net am 30 Minuten Takt , et wier möglich wann den 412 a den 413 am Wiechsel vun 30 Minuten gief fuehren, dowenst sinn Ech am AÖT( Aktion öffentlech Transport ) , domat jiddferen iwerall hin  kann fuehren , sief et mat klengen Bussen , wann keng Rush Ouer ass.
Ech sinn och fier Gleichberechtigung fier jiddferen dowenst sinn Ech och am Komitee des Chances et Égalité. A menger Freizeit lätt mer Natur am Herzen. Esou vielfältig mer sinn , ass Natur och .Dowenst sollen mer Natur hellefen a ennerstötzen , indem mer verschieden Uebst Beem upflanzen, Hecken a erem eng Kraiderwies .Vierdeel bei den Beem ass , de können bei enger Reen Période Wasser speichern a bei Drechenheet , suergen se fier eng angenehm Atmosphär.

Gilles Gengler

41 Joer, Munneref Gemengerot Gestionaire de fortune

Mäin Numm ass Gilles Gengler, 41 Joer an ech schaffen als Investment-Beroder bei enger Bank. Ech wunnen zu Munneref an sin och hei opgewuess.

D’Sécherheetsgefill an eiser Gemeng huet déi lescht Joren staark ofgeholl. Als Grenz-Gemeng brauch Munneref onbedéngt rëm een Police-Kommissariat respektiv Policebüro. Eng lokal Police-Präsenz ass wichteg fir d’Präventioun an géif eis Liewensqualitéit verbesseren.

Als aktiven Member vum Munnerefer Futtball, leien mir eis Veräiner besonnesch um Häerz. D’Veräiner halen eis Gemeng zesummen an sinn wichteg fir Jonk an Al. D’Aktivitéiten vun villen Veräiner huet wärend der Corona-Pandemie gelidden, dofir mussen eis Clibb an den Benevolat weider ënnerstëtzt gin.

Diana Igna

37, Joer, Munneref Consultante

I am a finance strategist and governance consultant in the financial and tech sector, oriented to rise the focus of the community and business environment on the value of education, financial investments projects and economic sustainability. Being a single mother, I am continuously preoccupied about the best opportunities, options and new trends in education.

My vision is to rise awareness on our community and promote projects on culture and education considering the essential skills for every person to succeed in life, a path to a better society, a way to make a meaningful difference in the community.

 

Living in Mondorf, seeing its development I stand for multicultural experience, diversity and inclusion programs, encourage social interaction and rise awareness in our community on projects regarding education and empowering young professional.

 

Fränk Reuter

53 Joer, Munneref Gemengerot Pilot

Méi Numm ass Frank Reuter, 53 Joer, ech hunn 2 Kanner déi am Ausland studéieren, wunnen zu Munneref an sinn Pilot bei der Luxair wou ech och Personaldelegeierten sinn. Ech sinn hei opgewuess an interesséieren mech fir d’Entwécklung vun eiser Gemeng. Besonnesch um Häerz leit mir d’Natur  an d’mobilité douce. Nach ëmmer ass Munneref un keng Vëlospiste ugebonnen, an dofir well ech mech engagéieren fir eis Uertschaften an hir Wunnveierel besser ënnereneen an bis an d’Stad ze verbannen.

Véronique Thommes

35 Joer, Munneref Privatugestallten

Mäin Numm ass Véronique Thommes, 35 Joer, Mamm vun 2 Kanner. Ech wunnen zu Munneref an schaffen bei der Creos, an sinn säit langen Joren effektiven Member an der Personaldelegatioun vun mengem Betrib. Ausserdeem sinn ech säit 5 Joer an der Bauten Commissioun aktiv. Ech setzen mech fir d‘weider Förderung vun den erneierbaren Energien an fir eng besser Mobililiteit an der Gemeng an. Mir leit et besonnesch um Häerz fir d’Fraizeitmeiglechkeeten vun eiser Jugend ze erweideren  an  d’Veräiner méi ze ënnerstëtzen fir dass d’Gemeng Munneref eng attraktiv Gemeng fir Jonk an fir Aal bleift.