Skip to content

Gemengewal 2023

Jean-Luc Kuhlmann

50 Joer, Altwis Gemengerot Privatugestallten

Fir déi di mech nach net kennen, méin Numm ass Jean-Luc Kuhlmann hunn 50 Joer an wunnen zu Altwis an sinn elo 8 Joer hannert eneen am Gemengerot. Meng Zieler bleiwen di nämmlecht wie di Joren virdrun. Eng transparent Politik am géigensäitege Respekt, den Verkéier den Iwwerhand hëlt, Digitalisatioun, an Infrastrukturen an eiser Ge-meng ze moderniséieren an ze valoriséieren ouni dass d’Käschten aus dem Rudder lafen.

Paul Bichler

30 Joer, Elleng Elektriker

Mäin Numm ass Paul Bichler, Ech sinn 30 Joer al an kommen vun Elleng.

Lieweg Gemengen sinn geprägt vun engem vitalen Veräinsliewen dat den tëschemënschlechen Kontakt vun sengen Matbierger stäerkt. D‘ Veräinsliewen baséiert zu engem groussen Deel um Benevolat an um Zesummeschaffen vun allen Aktiven egal wéi hier Hierkonft, hiren Liewensofschnëtt oder hier gesellschaftlech Stellung ass. Ech wëll mech fir d’Ënnerstëtzung vun den Veräiner, fir d’Stäerkung vum Benevolat an soumat fir Zesummeschaffen vun allen Bierger*innen an eiser Gemeng asetzen fir datt d’Veräinsliewen och weider eng Zukunft huet. Duerch en veräinsiwwergräifenden Dialog an d’Weiderentwécklung vun den Infrastrukturen (Sport a Kultur)  soll eng nei Dynamik entstoen, déi Gemeng Munneref  iwwert hier Grenzen eraus am Land an an der Groussregioun attraktiv mécht. De bezuelbaren Wunnraum ass fir mech eng aner  politesch Prioritéit an hei sollt niewent dem Neibau och d’Zesummenaarbecht mat der Agence Immobilière Sociale gesicht an ausgebaut gi.