Skip to content

Op DE PUNKT

GEMENGEWALEN 2023

Fir d‘Gemengewalen vum 11.
Juni huet d‘CSV Munneref eng
Lëscht mat 11 motivéierten Kandidaten opgestallt. Dës Kandidaten sinn och bereet nom 11. Juni Verantwortung ze iwwerhuelen.

Fir dass mir awer och an der
Zukunft mat eiser Gemeng um
richtegen Wee bleiwen, mussen
mer mateneen schaffen, an aner
Meenung oder Entscheedungen
respektéieren.


Fir déi di mech nach net kennen,
méin Numm ass Jean-Luc Kuhlmann
hunn 50 Joer an wunnen
zu Altwis an sinn elo 8 Joer
hannert eneen am Gemengerot.
Meng Zieler bleiwen di nämmlecht
wie di Joren virdrun.

Eng transparent Politik am géigen- säitege Respekt, den Verkéier den
Iwwerhand hëlt, Digitalisatioun,
an Infrastrukturen an eiser Gemeng
ze moderniséieren an ze
valoriséieren ouni dass d’Käschten
aus dem Rudder lafen.

Eis Gemeng wäert an den nächsten
Joren wuessen. Net nëmmen
de „Hinter der Kirch“ wäert elo
iergendwann ulafen mee och en
Vëlodrom mat enger Sportshal
an enger Piscine stinn um Plang
fir gebaut ze gi. Wann mer dann
nach wëssen dass iergendwann
den Lycée „Um Greimelter“ soll
gebaut gi an den „Domaine
Thermal“ sech och fir 130€ Mio.
moderniséiert an vergréissert,
gin mir eng besonnesch attraktiv
Gemeng fir Touristen an Leit aus
dem ganzen Land oder der ganzer
Groussregioun.

Récksäit vun dëser Medail ass leider,
dass den Verkéier an indirekt
den Kaméidi an d‘Luucht wäert
goen. Dëst ass eng Entwécklung
déi mer elo mussen ugoen an
dëst esou schnell ewéi méiglech.
Dat geet awer leider net
eleng well den Dossier esouwuel

Kommunal ewéi och National
muss ugepaakt gi. Laut dem
neien Mobilitéitsplang 2035
hunn mer zu Munneref 15%
ëffentlech Verkéiersmettel an
74% motoriséierten Individualverkéier.

En P&R ass fir eis
Gemeng Mondorf net virgesinn
obwuel mer dréngend
een bräichten. Den 25 Oktober
2017 ass iwwert en Ing. Büro
an der Réimecher Strooss eng
Etude gemaach gi iwwert den
Ver-kéier. An dat genau 1 Dag
laang. Des Mesuren sinn an der
d‘Réimecher Strooss gemaach
gin ob der héischt vun der
Avenue des Bains.

Fakt ass dass mer an 24 Stonnen
10.539 Gefierer haten die
duerch d‘Réimecher Stroos
gefuer sinn. Des Informatiounen
kënnt dir Iech um Site vun
der Gemeng Mondorf ukucken
oder eroflueden.

Leider sinn dat keng Laang-zäit
Etuden mee eng eenzel Momentopnahmen
déi eis net richteg
weiderhëllefen. Mir kënnen
den Verkéier nëmmen richteg
verstoen wann mer genuch
Fakten an Informatiounen
iwwert eng laang Zäit sammele
an esou di genau Entwécklung
gesäit.

Esou kann een dann eng Entscheedung
huelen die Kapp an
Fouss huet an och nach an 10
oder 15 Joer sollt richteg sinn.
Dofir haten mer schonns virun
6 Joer an der Verkeierskomissioun
gefrot dass mir esou Traffik-
compteur an eiser Gemeng
ob den Wichtegsten Punkten
verdeele. Des Idee war an
der Verkeierskomissioun gutt
ukomm ass awer leider duerch
dess Majoritéit net ëmgesat
gin.

En Beispill sinn Trafik-compteur
vun der P&CH. Säit
kuerzer Zäit gin et der elo 2
um Terrain vun der Gemeng
Mondorf. An dëst zu Altwis ob
der Kirmessplatz „Um Däich“
ob der N16, Poste de comptage
N°1002. Den aneren am Agang
zu Munneref beim Fussball
Terrain den Poste de comptage
N°1001. An der Réimecher
Strooss hunn mer Deeg mat
10.000 bis 12.500 Gefierer. Dir
kënnt des Informatioun fräi
ob der Homepage vum P&CH.
eroflueden.


Den 11 Juni kënnt dir
mat-bestëmmen wie wichteg
Iech dësen Punkt ass, an dofir
wielt CSV fir gestäerkt an die
nächst 6 Joer ze goen.

Beitrag deelen