Skip to content

CSV STELLUNGNAHM AM GEIGENSÄITEGEN RESPEKT ZUM BUDGET 2023

D’CSV Fraktioun ass, ewéi all déi Joer wou mer den Budget mat gestëmmt hunn, och elo nach ëmmer der Meenung datt déi finanzielle Situatioun vun der Gemeng Munneref Gesond ass. Recettesäit fir den Budget 2023 mat engem Zouschoss vun knapp iwwer 18 Mio.,-€ aus dem Fonds de dotation globale des communes den erëm em bal 1,2 Mio. € vis  a vis vum leschten Joer klammen soll, an Casinotaxen vun awer nach bal 3,9 Mio.€ mir eis kënnen erlaben aktuell d’Investitiounen héisch ze halen.

An den Uerdentlechen Ausgaben sinn folgend Punkten ob déi mir aginn:

  • Am Artikel Mazout bleiwen mer héich an duerch déi steigend Präisser klammen mer ob 75.000,-€ erop.
  • Hall de Stockage wéinst Plazmangel bleiwen aktuell bei 1355m2 an bezuelen 113.787,36 € Loyer ouni Chargen
  • Letzshop 8250,-€ Joer bei 5500 Awunner. Wat kënnen mer machen fir hei méi ewéi  4 Geschäfter aus eiser Gemeng um Site ze hunn. Virwaat sinn nëmmen 4 Geschäfter drop. Gett et hei eng Statistik an en Concept, well och dat ass eng Werbung fir eis Gemeng an wann Mir eis gutt unneelen esouguer fir den Tourismus.
  • Eis Contrat de Maintenance fir Programmer gi vun 39000,-€ ob 66000,-€ am Budget an Luucht. Wat och an dësem Fall normal ass mee behalen mer hei d‘Iwwersiicht ouni dass dess Käschten aus dem Rudder geroden?
  • Och beim Stroum gin mer ob 363.100,-€ erop wann och en gudden Deel wéinst der Déierescht ass. Hei stellt sech awer Fro well mir all Joer vill Geld an den Relamping vun den Aussenluuchten oder an Installatiounen investéieren, eleng dëst Joer stinn 140.000,-€ fir Aussenluchten am Budget, wou Erspuernis vum Stroum ass ? Mee kann dat nëmmen vun neien Gebaier oder Präisdeierecht sinn ?

Beim Gaz gin mer vun +-60.000,-€ Budgetär lescht Joer ob +- 140.000,-€ erop obwuel den Gaspräis um Niveau vum Januar 2022 ass an och wahrscheinlech wäert bleiwen.

An den Ausseruerdentlechen Ausgaben:

  • 25.000,-€ fir den Developpement vun enger Applikatioun fir Informatiounen fir Bierger an der Gemeng. Mir haten emol eng App iwwert Syndicat d’Initiative hei kéint een sech jo unleenen oder sinn di Suen fir näischt investéiert gin. Wär et net Sënnvoll gewiescht direkt dëst mat dem Internetsite ze entwéckelen.
  • 150.000,-€ fir Intervention importantes à faire sur toutes les place de jeux ? Waren dess elo net secher oder virwaat sinn dess elo esou Wichteg ?
  • 75000,-€ fir 3 E-Reider sinn en wichtegen Punkt fir weiderfeieren vun der Digitalisatioun.
  • 214.000,-€ fir Erweiderung vum Triangle Vert. Hei dierf net vergiess gin mir brauchen villäicht selwer Terrain fir Gemeng, well dëst war schonns vergiess gin am aktuellen Triangle Vert an konnt net méi geännert gin.
  • 1.300.000,-€ fir mise en conformité vun der Ecole Fondamentale fir den Brandschutz, Beliichtung an Noutbeliichtung sin net vun Mutwell fir dëst Gebai no den neisten an aktuellsten Secherheetsstandarten unzepassen.
  • 375.000,-€ fir den Wee hannert der Gander nei ze maachen an ze beliichten begréissen mer ausseruerdentlech. Net nëmmen den Tourismus kann vun dësem Wee erëm profitéieren mee et ass en Wee duerch Natur fir eis Bierger. Fro ass hei awer dierfen do och Vëlosfuerer fueren oder gëtt et en rengen Foussgängerwee ?
  • 375000 ,-€ fir en Imker ( Beienziichter Haus ) mat den néidegen Infrastrukturen ass och en Invest an eis Zukunft. Hei gi mer awer och emol an enger 1 Phase zu 175.000,-€ vum Staat subsidéiert.

Eenzel Punkten sinn an bleiwen fir CSV, an ouni engem Walprogramm virzegräifen, fir Zukunft vun eiser Gemeng weiderhin wichteg:

  • lnvestitiounen an den Tourismus bréngt des Gemeng virun. An virun allem eisen Betriber déi direkt vun Tourismus betraff sin en Surplus. Den Verkéier deen doduerch an Luucht geet mussen mer am Aen behalen. Dofir bleift dann och Sécherheet ob eisen Stroossen mat engem Plang fir en kommunaalt Verkéierskonzept wat de reelle an zukünfteg Bedürfnisser ensprecht ewéi schonns lescht Joer am Rapport beschriwwen en wichtegen Punkt.
  • Digitalisatioun weider dreiwen fir och an der Zukunft fit ze sinn. Well et get ëmmer méi digital geschafft, esouwuel iwwert den Staat ewéi och Societéiten oder Privat. Dësen Punkt ass net ze ënnerschätzen esouwuel Käschtemässeg ewéi Produktiv an muss am am Aen behalen gin.
  • Ewéi schonns déi Joren virun bemängelt. En Centre de Recyclage an Kombinatioun mat engem neien Service Technik feelt nach ëmmer komplett ann ass och nach net an Siicht. Dësen ass an bleift och nach ëmmer méi ewéi Noutwendeg. Den Loyer   vun 113.787€  leeft . Villäicht ass den 2 Deel vum Triangle Vert eng Iwwerleeung wäert hei en Projet fir Gemeng ze plangen. Affär à suivre….Kucken mer wat den Walprogramm seet.
  • Den Projet Greimelter geet weider an déi nächsten Ronn, an daat elo vun der Theorie an Praxis.

Mir wëllen festhalen dass an dësem Budget vill an eis bestoend

  • Gebaier
  • Infrastrukturen
  • Material fir eist Personal
  • Projet déi mer alleguer matgestëmmt hunn
  • Projet déi um lafen sinn
  • Projet déi ufänken

investéieren.

Dëst ass also en wichtegen Invest fir eis Gemeng an keen Walprogramm.

Wat eis awer Suergen mécht ass dass Tariffer vun der Offallentsuergung guer net ervirbruecht gëtt. Des Präisser gin an luucht an jiddereen an der Gemeng muss seng Gewunnechten mam Oemmgang mat den Poubellen änneren. Fakt bleift d’Erheigungen kommen dann eben Integral fir 2024. An do spillt och keng Roll Ween dess Majoritéit billt. Erheigungen kommen.

Ewéi schonns lescht Joer, huet d’CSV sech dann och dëst Joer, entschloss dëse Budget mat den verschiddenen Bemolen déi dran stinn, an och wann mer an engem Waljoer sinn, mat ze stemmen. Mir halen awer och fest dass déi nächst Legislaturperiode eng ganz schwéier wäert gin.

Ewéi all Joer versichen mer Punkten déi net koscher sinn ob den Leescht ze huelen, an Majoritéit an den Bierger dorops hinzeweisen oder ze Informéieren. Mir wäerten och weiderhin esou fir eis Gemeng an den Bierger schaffen esou laang den Bierger dat och well.

Mir soen dann och nachemols, falls net schonns geschitt, deenen Leit déi mat um Budgetsprojet geschafft hunn, ouni awer eenzel Persounen ervirzehiewen, een groussen Merci. An hoffen , egal wie et ausgeet bei dësen Walen weiderhin ob eng gutt Zesummenarbecht.

Allen hei um Dësch, am Sall oder doriwwer eraus, en schéint an glécklecht neit Joer an eng gutt Gesondheet.

Mondorf, den 11 Januar 2023

CSV Fraktioun am Munnerefer Gemengeroot

Beitrag deelen