Skip to content

CSV STELLUNGNAHM AM GEIGENSÄITEGEN RESPEKT ZUM BUDGET 2024

Iwwerleeungen am géigesäitegen Respekt zum Budget 2024

Als CSV Fraktioun sinn mer och desst Joer der Meenung dass eis finanzielle Situatioun vun der Gemeng Munneref Gesond ass.  Desst gëllt och fir Joer 2024. De Fonds de dotation globale des communes, ass mat 20,5 Mio. eng vun de wichtegsten Einnamen fir eis Gemeng. Awer och Casinotaxen sinn nach ëmmer eng Kiischt um Kuch. Fir Joer 2023 ass den Budget vun 3,75 Mio. ob 4,15 Mio. ugepasst ginn wat och en Plus vun 400.000,-€ fir 2023 war.Och desst Joer sti mer mat engem Boni ordinär vun 3,9 Mio. am Budget gut do.

An den Uerdentlechen Einnamen si folgend Punkten ob déi mer wëllen agoen:

Bei den autorisations de construction ginn mer vun 4000,-€ ob 12.500,-€ erop. Hei soll en neit Reglement a kraaf trieden an zesummenarbecht mat der Gemeng Schengen an der Gemeng Remich. Mir sinn der Meenung dass desst sollt a raisonabelen Etappe geschéien. Hei gesi mer weider wann den Dossier am Gemengerot duerchgeholl gëtt.

An den Uerdentlechen Ausgabe si follgendPunkten ob déi mer wëllen agoen.

  1. Am Artikel Mazout steige mer duerch déi steigendPräisser a klammen ob 98.000,-€. Hei ass wichteg dass mer eis Gebaiersanéieren an och Intelligent Hetze kënnen.

2. Beim Stroum ass de Budget 2023 ömmt 67.000,-€ no uewen ugepasst ginn fir de Rescht vum Joer. Dat ass Budgetäre eng Steigerung vun 15%. Di gläich Zomme hunn mer fir desst Joer 2024 angesaat an dat sinn 427.000,-€. Net ze vergiessen,  desst ass natierlech eng Budgetzomme !!

Mir stellen awer fest dass dess Steigerung net vun den Elektroautoen kënnt well et sti fir 2024 nëmmen 1000,-€ Elektresch dran. Dat ass definitiv net vill an des Gemeng schéngt domadder Elektroauto kee gréisseren Stellewäert zegin. Am Budget hunn mer awer fir Benzin an der Diesel fir eis Gemengegefiehrer 80.000,-€ festgehalen . Produktioun vun Stroum vun der Gemeng bleift gläich.

3. Beim Gas sin mer vun 130.000,-€ an den Rectifié 2023 eroof gagen ob 88.000,-€ an dessen Budget bleift och fir 2024.

4. Artikel Hall de Stockage wéinst Plaatzmangel am Service Technique vun 1355m2 bleift am Budget bestoen an hëlt eng Zomme vun 125.680,-€  am Joer 2024 an.

5. Ob den Artikel Letzshop, 8250,-€stinn nach ëmmer nëmmen 4 Geschäfter aus eiser Gemeng um Site. Lescht Joer worgesot ginn dass do eppes géif probéiert ginn. Bis elo gesinn mer nach keng Beweegungam Dossier. Esou vill Bicher iwwert Geschicht vun der Gemeng, 175 Joer Thermalismus, eng Band dessinée, an esouguer Gadget kéinten mer um Letzshopverkafen.   (Wann och net vun der Gemengselwer )

6. Den Artikel Menues dépenses imprévues du collège échevinal vun 40.000,-€ sollt ob de leescht geholl ginn.Bei dësem Artikel sollten Ausgaben als Informatioun duerch de Gemengerot goenan esou fir  mei Transparenz suergen.

7. Commission de la circulation, de lamobilité et de la sécurité routière – frais de Fonctionnement vun 1000,-€. Wann een bedéngt dass alles waat mer an dëser Gemeng bauen oder gebautgëtt Auswierkungen ob de Verkéier wäert hun da musse mer desst Konzept onbedéngtupassen. Desst sollt och an der Verkéierskommissioun di dees Woch neizesumme kënnt Beschwaad ginn.

An den AusseruerdentlechenAusgaben hunn mer follgend Punkten di mer erwäne wëllen:

  1. MESURE D’ACCOMPAGNEMENT DES SERVICESADMINISTRATIFS PAR UN BUREAU DE CONSULTANCE EN VUE DE LA MISE EN PLACE DE LA DEMARCHE ‘ENGAGEMENT@WORK’ ( Budget 40.000,-€ ) Mir fannendat eng gutt Initiative well Aarbecht vun eise Leit ob der Gemeng ëmmer meikomplex a Villfälteg gëtt an dofir eng Begleedung fir Verbesserungsvirschléi.
  2. Mise en place de 6 bornes électriques supplémentaires sur le parking avoisinant la mairie. fir 70.000,-€ ass en extrem wichtege Punkt well Ladesäil bei der Gemeng a leschter Zäit oft besat sinn. Hei sollt een awer och nach doriwwer nodenken ob et méiglech ass  en Iwerdach fir Ladeseilen ze erstellen.
  3. Den CONCEPT D’INFORMATIONS REGULIERES fir Bierger  ( 211000/21003 ) steet mat Null am Budget an ass domadder ofgeschloss. Wat ass dobäi eraus komm?
  4. An den Ausseruerdentlechen Ausgabenhunn mer nach fir ELABORATION D’UN “CONCEPT ENERGETIQUE” DES BATIMENTSCOMMUNAUX 5000,-€ am Budget stoen an da missten er och hei e Resultatvirleien hunn. Domadder wëssen mer dann wou mer Gas, Mazout a Stroum kënnenaspueren oder agespuert gëtt.

Eenzel Punkten sinn a bleiwe fir CSV an Zukunft vun eiser Gemeng weiderhi wichteg.

  1. Ewéi schonns di Joren virdrun bemängelt. En Centre de Recyclage a Kombinatioun mat engem neie Service Technik feelt nach ëmmer komplett an ass och nach net an Siicht. Dësen ass a bleift och nach ëmmer mei ewéi Noutwendeg a steht och ob der Prioritéiten Lescht vun der Majoritéit. Am Budget ass awer elo net direkt eppes ze gesinn. De Loyer vun den 1355m2 fir 125000,-€ leeft weider. Am Joer 2019 war och schonns eng Etude préparatoire vum PAG an Aen gefast ginn fir um Kiirchfeld eppes virzegesinn ) ( la réserve foncière d’environ 13 ha située de part et d’autre de la route de Burmerange et partiellement viabilisée (Kiirchfeld), destinée à accueillir, à moyen ou long terme, un pôle d’équipements publics communal (centre de recyclage, services techniques communaux, etc.)  Wou sti mer Haut ? Laut Majoritéit sinn mer elo am gaangen Versioun C ze preifen.

2. Eng Etude fir e Mobilitéitsplang de Projeen di an Zukunft gebaut Gebaut ginn Rechnung dréit ass och net  ze gesinn. Dessen ass Wichteg fir ze wëssen wou a wei de Verkéier an deenen nächsten 10 oder 15 Joer wäert fléissen. Heimadder kënnen och Klimaschutzmoossnamen mat agebonnen ginn.

3. Digitalisatioun weider dreiwe firoch an der Zukunft fit ze sinn. Hei gesinn mer schonns wichteg Akzenter am Budgethunn mer schonn Personal agestallt mat Erfarung fir Aarbechtsofleef zeverbesseren. Desst ass en unfank sinn awer nëmmen en 1 Schrëtt. En Informatikerass an eisen Aan nach ëmmer wichteg. Villäicht kann ee mat den anere Gemengeronderëm kucke waat méiglech ass hei zesummen ze schaffen. Desst ass och eng Méiglechkeet dass Personalkäschten net aus dem Rudder lafen. Bei den Taxeklappt dat jo anscheinendDe Bagger fir de  Projet Vëlodrome wäert desst Joer um Siteufänken. Theorie gëtt elo a Praxis ëmgesat an et wäert vill Aarbecht ob eis Gemeng duerkommen..

4. De Bagger fir de  Projet Vëlodrome wäert desst Joer um Siteufänken. Theorie gëtt elo a Praxis ëmgesat an et wäert vill Aarbecht ob eis Gemeng duerkommen.

5. Primen fir Energie-Transitioun besser ze fördern gin a Luucht an dat begréissen mer.

6. Bei den Tariffer vun der Offallentsuergungen ass de Budget hei den nämmlechten ewéi lescht Joer a mir waarden hei bis den Dossier an de Gemengerot kënnt a mir esou gesinn uweiengen Schrauwe gereint ginn ass fir de Budget ze halen.

7. Mir sinn och frou ze gesinn dass Beienhaus unfänk an enger éischter Phase mat 175.000,-€. Beie sinn e wichtegen Deel vun eiser Zukunft an all Euro ass do gutt investéiert.

Villes vundem Budget hunn mer selwer am Walprogramm oder an deenen Joren virun amGemengerot matgestëmmt.  Wat awerde Verkéier, Service Technique, Centre de Recylage oder Digitalisatioun ugeetsteet eis net genuch oder näischt am Budget dran an dofir wëllen mer eis desst Joer enthalen.

Mir soen dann och nachemols, falls net schonns geschitt, deene Léit déi mat um Budgetgeschafft hunn oder hiren avis ofginn, e grousse Merci a weiderhin eng gutt Zesummenaarbecht.

Allen heium Dësch, am Sall oder doriwwer eraus, a wann och mei spéit ewéi soss, eschéint a glécklecht neit Joer an eng gutt Gesondheet.

Munneref, den 16 Januar 2024

Aer CSV Fraktioun am Munnerefer Gemengerot

Beitrag deelen