Iwwerleeungen am géigesäitegen Respekt zum Budget 2024
Als CSV Fraktioun hunn mer elo schonn oft den Budget matgestëmmt well eis finanzielle Situatioun vun der Gemeng Munneref Gesond ass an desst gëllt och fir Joer 2024. Den Fonds de dotation globale des communes, ass mat 20,5 Mio eng vun den wichtegsten Einnamen fir eis Gemeng.
Mee och Casinotaxen sinn nach ëmmer eng Kiischt um Kuch. Fir den Budget 2023 mat 3,75 Mio ob elo 4,15 Mio ugepasst ginn ass, wat en Plus vun 400.000,-€ fir 2023 war. Och desst Joer stinn mer mat 3,8 Mio gutt do an des Majoritéit gesäit des Einnamen och net als selbstverständlech un, an wat och gutt esou ass.
An den Uerdentlechen Einnamen sinn follgendPunkten ob déi mer wëllen agoen.
Bei den Autorisations de construction gin mer vun 4000,-€ ob 12.500,-€ erop. Hei soll en neit Reglement a kraft trieden waat an zesummenarbecht mat der Gemeng Schengen an der Gemeng Remich ausgeschafftginn ass. Virwaat froe mer eis, an waarden ob den Dossier den nach soll an den Gemengerot kommen.
An den Uerdentlechen Ausgabe si follgendPunkten ob déi mer wëllen agoen.
- Am Artikel Mazout steige mer duerch déi steigend Präisser a klammen ob 98.000,-€. Kann dat nëmmen, ewéi schonns lescht Joer geschriwwen, duerch erhéigen vun den Stroumpräisser sinn. Hei ass wichteg dass mer eis Gebaier sanéieren an och Intelligent Hetzen kënnen.
2. Beim Stroum ass den Budget 2023 ëmmt 67.000,€ no uewen ugepasst ginn fir den Rescht vum Joer. Dat ass Budgetäre eng Steigerung vun 15%. Die gläich Zomm hunn mer fir desst Joer agesat an dat sinn 427.000,-€. Leider gesinn mer net weivill Erspuernis dass mer am Stroum gemaach hunn. Ze gesinn ass awer och dass Produktioun vum Stroum vun der Gemeng profitéiert, net an luucht geet. Steigerung vum Stroum kann och net vun den Elektroautoen vun der Gemeng kommen well fir 2024 sinn 1000,-€ virgesinn. Dat ass definitiv net vill an des Gemeng schéngt domadder Elektroauto kee gréisseren Stellewäert zegin obwuel mer esou den Benzin an den Diesel fir eis Gemengegefiehrer den bei 80.000,-€ Präislech steet halen oder net reduzéieren kënnen. An den Ausseruerdentlechen Ausgaben hunn mer nach fir ELABORATION D’UN”CONCEPT ENERGETIQUE” DES BATIMENTS COMMUNAUX 5.000,-€ am Budget stoen an dann missten er och hei en Resultat virleien hunn.
3. Beim Gas sinn mer vun 130.000,-€ an den Rectifié 2023 erof gaangen ob 88.000,-€ an dësen Budget bleift och fir 2024.
4. Artikel Hall de Stockage wéinst Plaatzmangel am Service Technique vun 1.355m2 bleift am Budget bestoen an hëlt eng Zomme vun 125.680,-€ am Joer 2024 an.
5. Ob den Artikel Letzshop, 8.250,-€ stinn nach ëmmer nëmmen 4 Geschäfter aus eiser Gemeng um Site. Lescht Joer wor gesot ginn dass do eppes géif geschéien. Bis elo gesinn mer nach keng Beweegung am Dossier. Esou vill Bicher, eng Band dessinée oder Gadget hun mer vun der Gemeng Mondorf an kéinten déi um Letzshop verkafen. Hei sollt een kucken wat méiglech ass.
6. Den Artikel Menues dépenses imprévues du collège échevinal vun 40.000,-€ sollt ob den leescht geholl ginn. Bei dësem Artikel sollten die eenzel Ausgaben als Informatioun duerch den Gemengerot goen an esou fir mei Transparenz suergen.
7. Commission de la circulation, de la mobilité et de la sécurité routière – frais de Fonctionnement vun 1000,-€. Wann een bedéngt dass alles wat mer an dëser Gemeng bauen oder gebaut gëtt Auswierkungen ob den Verkéier wäert hunn, muss dest Konzept onbedéngt Iwwerduecht ginn an sollt och an der Verkéierskommissioun beschwaad ginn.
An den Ausseruerdentlechen Ausgaben hunn mer follgend Punkten die mer erwäne wëllen:
- MESURE D’ACCOMPAGNEMENT DES SERVICES ADMINISTRATIFS PAR UN BUREAU DE CONSULTANCE EN VUE DE LA MISE EN PLACE DE LA DEMARCHE ‘ENGAGEMENT@WORK’ ( Budget 40.000,-€ ) fanne mer eng gutt Initiative well Aarbecht vun eise Leit ob der Gemeng ëmmer mei komplex an Villfälteg gëtt an dofir eng Begleedung fir Verbesserungsvirschléi eng gutt Hëllef oder Ënnerstëtzung ass.
- Mise en place de 6 bornes électriques supplémentaires sur le parking avoisinant la mairie fir 70.000,-€ ass en extrem wichtegen Punkt well Ladesäil bei der Gemengan an leschter Zäit oft besat ass. Gifen mer nëmmen bei eise Gemengegefierer och mei an déi Richtung goen. ( 222100/24009 )
- Den CONCEPT D’INFORMATIONS REGULIERES fir Bierger ( 211000/21003 ) steet mat Null am Budget an ass domadder ofgeschloss. Wat ass dobäi eraus komm?
- An den Ausseruerdentlechen Ausgabenhunn mer nach fir ELABORATION D’UN “CONCEPT ENERGETIQUE” DES BATIMENTSCOMMUNAUX 5.000,-€ am Budget stoen an dann misste mer och hei en Konzept virleien hunn. Domadder wëssen mer dann wou mer villäicht Gas, Mazout oder Stroum aspueren kënnen oder agespuert gëtt. Leider heescht dat awer och ze gesinn wou mer weider Suen ausginn mussen.
Eenzel Punkte sinn an bleiwe an Zukunft fir CSV weiderhin wichteg.
- Ewéi schonns die Joren virdrun bemängelt. En Centre de Recyclage an Kombinatioun mat engem neien Service Technik feelt nach ëmmer komplett an ass och nach net an Siicht.
- Dësen ass an bleift och nach ëmmer mei ewéi Noutwendeg an steet och normalerweis ob der Prioritéiten Lescht vun der Majoritéit laut aktueller Schäfferotserklärung.
- Am Budget ass awer elo net direkt eppes ze gesinn. Am Joer 2019 war och schonns eng étude préparatoire vum PAG an Aen gefaasstginn fir um Kiirchfeld eppes virzegesinn ) ( la réserve foncière d’environ 13 ha( Daat sin +- 18 Fussballsterrain ) située de part et d’autre de la route de Burmerange et partiellement viabilisée (Kiirchfeld), destinée à accueillir, à moyen ou long terme, un pôle d’équipements publics communal (centre de recyclage, services techniques communaux, etc.) Wou stinn mer aktuell?
2. Eng Etude fir en Mobilitéitsplang. Dësen ass wichteg fir dass desen den Projeen die an Zukunft gebaut oder geplangt ginn och Rechnungdréit, an mer wëssen wou d‘Rees an deenen nächsten 10 oder 15 hinner geet an och upassen mussen. Och Schallschutz- moosnamen kënnen esou an Projeen matagebonnen ginn.
3. Digitalisatioun weider dreiwe fir och an der Zukunft fit ze sinn. Hei gesinn mer schonns wichteg Akzenter am Budget. Mir hunn och schonns Personal agestallt mat Erfarung fir digital Aarbechtsofleef ze verbesseren. Desst ass en unfank awer geet an eisen Aen net duer. En Informatiker ass net an Siicht. Well mer en Personalastellstopp hunn gëtt dëst och net vun eis kritiséieren. Villäicht kann een mat den anere Gemengen ronderëm kucken wat fir eng méiglechkeetem mer hunn fir hei zesummen ze schaffen an esou Personalkäschten ze deelen, an déi esou net aus dem Rudder lafen können. Bei den Taxen klappt Zesummenaarbecht jo anscheinend och..
4. Den Bagger fir den Projet Velodrome wäert desst Joer um Site ufänken. Theorie gëtt elo an Praxis ëmgesat an et wäert vill zousätzlech Aarbecht ob eis Gemeng duer kommen.
5. Primen fir Energie-Transitioun ze fördern ginn an Luucht an dat begréissen mer.
6. Bei den Tariffer vun der Offallentsuergungen ass den Budget hei den nämmlechten ewéi lescht Joer. Mir waarden hei bis den Dossier an den Gemengerot kënnt an miresou gesinn un wéi engen Schrauwen hei gedréint ginn ass fir den Budget ze halen trotz d‘anhalen vum Prinzip pollueur-payeur.
7. Mir sinn och frou ze gesinn dass Beienhaus an enger éischter Phase mat 175.000,-€ unfänkt. Beie sinn en wichtegen Deel vun eis an eiser Zukunft an all Euro ass do gutt investéiert.
Villes vum Budget hunn mer selwer am Walprogramm oder an deenen Joren virdrun am Gemengerot matgestëmmt. Wat awer den Verkéier, Service Technique, Centre de Recyclage oder Digitalisatioun ugeet steet eis net genuch oder näischt am Budget dran an dofir wëllen mer eis dëst Joer enthalen.
Mir soen awer jidderengem, falls net schonns geschitt, deenen Léit déi mat um Budgetgeschafft hunn oder hiren Avis ofginn hunn en groussen Merci an weiderhin eng gutt Zesummenaarbecht.
Eis alleguer, an wann och mei spéit ewéi soss, en schéint, an glécklecht neit Joer, an eng gutt Gesondheet.
Mondorf, den 16 Januar 2024
CSV Fraktioun am Munnerefer Gemengerot