Skip to content

CSV STELLUNGNAHM AM GEIGENSÄITEGEN RESPEKT ZUM BUDGET 2021

Mat engem budgetiséierten Iwwerschoss am ordinaren Deel vun 9,8 Mio.€ fir den Exercice 2019, an ronn 6,8 Mio.€ fir 2020 an fir 2021 ob 4,3 Mio.€ ass d’CSV Fraktioun der Meenung datt die finanziell Situatioun vun der Gemeng Mondorf nach gesond ass an dach mussen mer oppassen wat Zukunft ugeet. D’Recettesait fir den Budget 2021 mat engem Zouschoss vun bal 16,5 Mio.€ aus dem Fonds de Dotatioun globale des Communes an de Casinotaxen vun ronn 3,3 Mio.€ bidden eis awer nach Méiglechkeet an eis Gemeng ze investéieren.

An den uerdentlechen Ausgaben sinn eis 2 Punkten opgefall:

  1. Am Artikel 642800/99002 kënnt eng Ëmfro vum Statec iwwert Bierger, di all 10 Joer widderholl gëtt. Mir hunn am Budget 30.000,-€ Stoen. Normalerweis kreien mer di Suen jo zeréck an et steet awer naischt ob der Recetten Sait ?.
  2. Artikel Locatiounen: Bei den Hall de Stockage fir Gemeng kommen mer 2021 ob 7.680,-€ pro Mount+- 90.000,-€ pro Joer, an dat fir Ronn 1100m2.

An den ausseruerdentlechen Einnamen ass 1 Punkt den schonn lescht Joer erausgestach huet:

  1. Emprunt vun 10 Mio.,-€ am Joer 2020 fir den Projet Complexe Sportif Gremelter fält elo ob 8 Mio.,-€ 2021. Wann mer bedenken dass den Budget bei +- 65 Mio.,-€ waert leien, an och an der Zomme nach mat Sécherheet net alles dran ass, wëssen mer jo wat an Zukunft nach ob eis duer wäert kommen. Mir wäerten den weideren Verlaf genau ënnert Luppe huelen.

An den ausseruerdentlechen Ausgaben:

  1. Ewéi lescht Joer sinn déi 150.000,-€ fir den Park de Recyclage ze vergréisseren duerch den COVID ob den Budget 2021 gesat gin. Eis Meenung bleift di nammlecht ewéi lescht Joer. Hei ass definitiv vun der Majoritéit, di schonns sait 1994 um Rudder ass vergiess ginn, en neien Centre de Recyclage an Kombinatioun mat engem neien Service Technike ze plangen an ze bauen. Mir kënnen ob Dauer net méi sou weider fueren. Hei muss eppes geschéien. Hall de Stockagen lounen ass ob Dauer keng Léisung.
  2. 500,-€ fir eng Etüde fir en Informatiounssystem fir eis Bierger. Dofir awer nëmmen nach 15.000,-€ ( 50.000,-€ am Budget 2020) fir en neien Internetsite. Wat huet do geännert.
  3. 900.000,-€ an der Collaboratioun mam Domaine Thermal fir en Mini-Golf an Tennis Terrain mat Vestiairen hunn mir mat ënnerstëtzt an gëtt zu 25% vum Min. des Sports gedroen. ( +- 224.700,-€ ), an mir hoffen dass Leit vun den Tennis Terrain an vum Mini Golf profitéieren.
  4. 100.000,-€ fir di finanzielle Participatioun mam Jousefshaus Remich mat 16 Better fir Gemeng Munneref. Fro vum leschten Joer bleift. Hunn mir schonns en propperen Audit kritt ?
  5. Lescht Joer haten mer 1,7 Mio.,-€ am Budget stoen fir Sportshal Roll Delles. Dei stoungen net vun Muttwëll dran. Elo ouni dass den Projet Iwwerhaapt ugefaangen huet leien mer am Budget vun 2021 ob 2,8 Mio.,-€, wou awer elo nach eng Photovoltaique Anlag ob den Daach kënnt , die 2020 net mat ageplangt war. Hei kann een sech Fro stellen firwat eréischt 2021 dei Anlag ob den Daach soll kommen. Wat awer méi Schlëmm ass dass mer den Projet ouni ugefaangenen ze hunn schonns iwwert, dessen 35% méi deier gëtt. Lescht Joer hat mer schonns drop higewisen dass mir hoffen dass net nëmmen den Daach an Sécherheet Up do Date gesat gëtt mee och den Wee a mobilite reduite an der Entrée endlech beliicht kann ginn.!! Mir erônnern awer och nachemol drun dass des Sportshal aus allen Néiten platzt. Schoul, Lycée an Verainer mussen kucken esou gutt ewéi méiglech laanscht eneen ze kommen! Mat den Aarbechten un der Hal, an enger neier Sportshal wou den Bau nach net ugefaangen huet, wäert dees Situatioun sech och an den nächsten Joren net verbesseren, am Géigendeel.
  6. 2020 haten mer virgesinn 60.000,-€ fir den changement portes évacuation an der Schoul. Elo stinn schonn 300.000,-€ fir Brandschutz an Brandschutzdieren am Budget. Ass den Service de la sécurité dans la fonction publique no der Sportshal och an Schoul kucken an kontrolléieren gaangen ? Ass dann elo alles Konform ?

Mir kënnen also déi geplangten ausseruerdentlechen Ausgaben esouwait matdroen, awer ënnert der Konditioun dass Budget vun den eenzelen Projet angehalenen ginn.

Wichteg Punkten vun der CSV fir Zukunft vun eiser Gemeng sinn :

  1. Ewéi schonns bemangelt brauchen mer en neien Service Technik an Kombinatioun mat engem neien Centre de Recyclage. Wann mer dann gesinn dass mer fir +-90.000,­€ Hall de Stockagen mus sen lounen, wat +- 1100m2 sinn, ass et direkt ze gesinn dass et eis un Platz feelt. Eng Etüde oder Léisung ass net an Siicht.
  2. Eng Etüde oder Plang fir Parking ( Park & Ride ) oder Parkhaus ass och fir Joer 2021 leider keen Thema. Denken mer nëmmen un Vergréisserung vum Domaine Thermale, oder Projeen an der Ave. des Bains, den Vëlodrome, den Lycée …. etc. Demande no Parkplazen waert an Zukunft méi ewéi denje en Thema sinn. Dat beweist och den zousatzlechen Agent Municipale den mer zu 50% agestallt hunn fir den Parking vum Domaine Thermale ze kontrolléieren.
  3. Aarbechten am Zesummenhang mam Projet Gremelter hunn nach net ugefaangen angenau kann och keen et soen.
  4. CSV fuerdert och den Scheffenroot ob Problematik vun den Iwwerschreidungenvun den Budget an den eenzelen Projet endlech an den Greff ze kréien. An verschiddenen Gemengerotssëtzungen ass schonns dorop higewisen ginn, an den Schefferoot war och Beméit dëst ëmzesetzen, huet awer mat der Sportshal Roll Delles bewisen dassdat nach net den Fall ass.

Mir wëllen awer dorops hiweisen dass dëst Joer mam COVID keen einfacht Joer war an vill zousatzlech Aarbecht huet missen erledegt gin. Och hei nachemol Merci unjiddereen den Ansaatz fir ze hellefen gewisen huet.

Ewéi schonns lescht Joer, huet d’CSV sech dann och dëst Joer, entschloss dëse Budget mat den verschiddenen Bemolen di dran stinn mat ze stemmen awer weider konstruktiv an am géigesaitegen Respekt Problemer hinweisen.

Mir soen all deenen, déi mat um Budgetsprojet geschafft hunn, ouni eng eenzel Persoun ervirzehiewen, een groussen Merci, an hoffen och an dësem neien Joer op eng gutt Zesummenaarbecht.

Allen hei um Dësch, an allen Leit am Sall, an doriwwer eraus, schéint an glécklech neit Joer an eng gutt Gesondheet.

Mondorf, den 5. Januar 2021

CSV Fraktioun am Munneref Gemengerot.

Beitrag deelen