Skip to content

CSV STELLUNGNAHM AM GEIGENSÄITEGEN RESPEKT ZUM BUDGET 2017

Mat engem Iwwerschoss vun knapp 6,3 Mio. EUR am Uerdentlechen-Budget 2018 kann een roueg soen datt déi finanziell Situatioun vun der Gemeng Mondorf ausseruerdentlech gudd ass an datt d’Recettesäit vum ordinairen Budget mat engem Zouschoss vun 12,5 Mio. EUR aus dem Fonds de dotation globale des communes an de Casinostaxen vun knapp 3,9 Mio. EUR nët nëmmen eng gudd Stabilitéit opweist mä esouguer liicht no uewen weist.

Mir machen hei Abstraktioun vun denen knapp 1,8 Mio. EUR, déi d’Gemeng vum Educatiounsministère kritt fir Containeren fir den Mondorfer Lycée opzeriichten – et ass en duerchlaafenden Posten deen och fir 1,8 Mio. EUR op der Dépensensäit steet. Et giff eis awer interesséieren wou déi Containeren hinstoen kommen – wëll se einfach op déi gréng Wiss ze stellen an ufänken Schoul ze haalen – daat kënne mir eis nët esou direkt vierstellen.

Weider interesséiert et eis wéi wäit d’Verhandlungen mat den Propriétairen vun den Terrain‘en um Gremëlter fortgeschratt sin?

Déi finanziell Situatioun vun der Gemeng ass wéi gesot gudd a mir kënnen roueg d’Zukunft préparéieren an Mondorf als Thermalstaadt mat engem räichhaltegen Touristenugebued an als attraktiv Geschäftsstaadt an der Groussregioun positionnéieren. Mat deene allermeeschten Positiounen am ausseruerdentlechen Deel vum Budget hunn mir keen Problem an mir kënnen se och mat droen.
Allerdéngs hoffen mir datt nach en detailéierten Finanzplang fir dës Investitiounen nokënnt an datt d’Majoritéit eis Opschloss gëtt iwwert déi sëcherlech nët ze negligéierend Nofollechkäschten. Ëmmerhinn war et laangzäit d’Positioun vun der DP an „déi gréng“ fir sech géint beispillsweis den Bau vun enger neier Schwämm auszedrëcken.

Mir wëllen hei déi folgend Posten aus dem ausseruerdentlechen Budgetsdeel ernimmen, déi mir och ënnerstëtzen – et sinn daat:
• D’Neigestaltung vun der Frantz Clementstrooss mat 2,6 Mio. EUR
• D’Infrastrukturaarbechten fir den Lyçée mat knapp 2,4 Mio. EUR, déi mir jo och vum Educatiounsministère erëmkréien
• Den Kaaf vun weideren Terrainen am Sënn vum Uleeën vun enrger Réserve foncière mat 2,0 Mio. EUR
• Den Scoutschalet um Badbëchelchen mat 1,5 Mio. EUR
• Den Complexe sportif Gremëlter mat knapp 1,3 Mio. EUR
• D’Antihéichwaassermesuren mat knapp 1,0 Mio. EUR wann een d’Mauer laanscht d’Gander mat arechent
• D’Astandsetzen vun de Kierfechter an der Morgue zu Elleng mat 810.000 EUR
• D’Renovatioun an d’Mise en conformité vun den Gemengeneegenen Heiser mat 750.000 EUR
• An dann selbstverständlech och déi aner Infrastrukturaarbechten an Astandsetzungen vun deenen aneren Stroossen, besonnesch zu Altwies an zu Munnerëf, esou wéi och d’Schaafen vun neien Parkingen.

An dësem Kontext wëllen mir awer d’Ureegung ginn, ob et nët esou lues un der Zäit wier all déi Investissementer déi getätegt ginn an goufen mat Hëllef vun engem IFRS Bilan evaluéieren zu loossen, fir esou den Memberen vum Gemengerot an den Bierger dobaussen och am Sënn vun der Transparenz ze weisen, wéi wertvoll déi Investissementer an Infrastrukturen nach sinn déi an deenen läschten Jorzengten getätegt goufen. An Däitschland ginn et Gemengen, oder Kommunen wéi se déisäit der Musel soen, déi daat maachen geloss hunn, och am Sënn vun engem käschtendeckenden Waasserpräis, wou mir nach ëmmer fir en Waasserinfrastrukturfong plädéieren, deen een sech vum Intérieur selbstverständlech genehmegen misst loossen, deen awer den Virdeel hätt, datt een spéider noutwendeg Investitiounen an d’Waasser resp. Ofwaasserinfrastrukturen laangfristeg geplangt an firfinanzéiert hätt.

Am virleienden an ze diskutéiernden Budgetsprojet vermëssen mir awer och eng Rei vun Punkten, déi eis awer wichteg fir d’Zukunft vun eiser Gemeng schéngen. Et sinn dëst:

• D’Iwwerleeung fir en fixen Recycling Center ze bauen zesummen mat engem neien Service Technique
• D’Iwwerleeung fir mat enger grousser Abenteuerspillplaaz fir Munnerëf eng weider Attraktioun ze schaafen
• D’Iwwerleeung fir zesummen mam Domaine Thermal um Site vun der aler Piscine eng grouss Weieranlag ze plangen, déi esouwuel als Waasserréckhalteméiglechkeet wéi och als touristesch Attraktioun ziele kënnt
• En Konzept mat Mesuren fir eis Geschäftswelt nei ze beliewen an engem strategeschen Usaaz deen hier Emetzung zielführend giff beschreiwen
• En kommunalt Verkéierskonzept wat den reellen an zukünftegen Begiewenheeten – Stëchwuert Projet „Hinter der Kirch“ Rechnung dréit

Et sinn dëst alles Punkten, déi nët an engem Joer, vläicht och nët an enger Legislaturperiod realiséiert kënnen ginn, an duerfier ass et wichteg mat Zäiten unzefänken dës Iwwerleeungen ze maachen.
Mir hunn den „Pour“ an de „Contre“ analyséiert, an mir sinn zur Conclusioun komm, datt mir hei fir 2018 en Iwwergangsbudget virleien hunn, wou eng Reih vun gudden Usäz drann stinn wou awer nët all fir Mondorf wichteg Zukunftsorientéierungen dran stinn. Dovir hunn mir eis entscheed eis beim Vote ze enthaalen. De Budget rectifié 2017 stëmmen mir nët – mir hunn de Budget initial jo och nët matgestëmmt.
Sëcherlech ginn et elo Leit, déi mengen den Budget wier eis nët emol eng Nee-Stëmm wert gewierscht – et kënnt een et awer och positiv gesinn an soen d’Glas wier hallef voll.

Et kënnt ëmmer op déi politesch Absicht un wann een esou en Vote kommentéiert.
An deem Sënn ob eng gudd zukünfteg Zesummenarbecht.

Mondorf, den 14. Dezember 2017
CSV Fraktioun am Mondorfer Gemengerot

Beitrag deelen