D’CSV huet den DP/Géi Gréng Budget fir 2016 net matgestëmmt – hei e puer Grënn

pour la version française, cliquez ici

Grafik1Méi fokusséiert an d’Zukunft investéieren!

D’Recetten ginn an d’Lut. De Budget 2016 gesäit uerdentlech Recetten vun 19,6 Milliounen EUR fir, dat sinn ronn 4.000 EUR pro Awouner. D’Gemengentaxen ginn och weider erop – no der Erhéigung vun der Waasser an der Canaltaxe war 2015 d’Mülltaxe un der Rei. An nächster Zukunft wärt d’Grondsteier wuel och an d’Lut goen. D’CSV ass der Meenung, dass d’Gemenge-Recetten méi zukunftsorientéiert kënnten investéiert ginn. Mir denken hei z.B. un méi Investissementer an d’Drénkwaaserversuergung, de Quellen- an Naturschutz, Energiespueren an modern Infrastrukturen, esou z.B. en méi en modernen Centre de Tri wéi dat wat mir elo hunn. Dat wat den DP/Déi Gréng Schefferot mecht geet eis net duer.

 

chantierBautepolitik: Wou geet et hinn? 

Munnerëf wiisst a wiisst. A wou stéieren mir eigentlech hinn? Em de Plan Sectoriel Logement ass et ganz roueg gin, et héiert een näischt méi. An och um Plan d’Aménagement Général vun eiser Gemeng gett säit Joeren gedoktert ouni dass e Resultat um Desch läit. Et kënnt een mengen, eise Schefferot hätt de Promoteuren den Terräin komplett iwwerloss. Fir d’CSV ass dat keng nohalteg Bautepolitik. Mir wëllen eng Bautepolitik, wou een wees wou et higeet a wou de Bierger an d’Liewensqualitéit vum Bierger am Mëttelpunkt stinn.

 

 

zone bleueVerkéier an Parken: D’Problemer ginn schéin geried oder verlagert, mee net geléisst 

De Verkéier hëllt weider zou an a verschiddenen Strossen ginn et Problemer mat de Parkplaazen. D’Zones Bleues ginn ausgewäit. Eng Vignette fir d’Awouner gëtt et net, genee esou wéineg wéi en P&R fir déi Leit déi den öffentlechen Transport wëllen notzen. Wann déi 2 grouss Privat-Parkinger zu Munnerëf fir d’Awouner och nach zougemaach ginn, dann kënnt et sinn, dass de Pechert vill Arbescht kritt. Fir d’CSV ass déi aktuel Situatioun alles anescht wéi optimal an et mussen spezifesch Léisungen fir verschidden Quartieren ausgeschafft gin.

 

 

 

 

maison relaisBudget’en ginn net respektéiert  

D’Budget’en vun groussen Projet’en ginn net respektéiert. 2015 alleng hunn miissten 1,3 Milliounen EUR un Zousatzbudget’en vum Gemengerot votéiert gin – dovunn alleng 700.000 EUR fir d’Maison Relais. Déi nei Gemeng huet och vill Zousatsbudget’en gebraucht bis se dann endlech fir ronn 18 Milliounen färdeg war. D’CSV ass der Meenung, dass eisen Schefferot déi finanziel Realisatioun vun groussen Projet’en net am Grëff huet, wat de Stéierzueler vill Suen kascht, déi dann net méi fir aner Investitiounen kënnen genotzt ginn. Hei feelt et un Professionalitéit an un Transparenz.

 

place pigalleD’Planifikatioun an d’Exekutioun vun groussen Projet’en bleiwt mangelhaft 

Oft gëtt e neien Projet grouss ugekennegt an dann geschitt emol eng Zäit laang näischt méi. Esou wéi bei der ugekënnegter Erneierung vun der Franz Clement Stross, wou entgéint den Ukënnegungen vum läschte Joer bis elo nach näischt geschitt ass, an de Projet einfach op 2016 reportéiert gouf. D’Planifikatioun an d’Exekutioun vun groussen Projet’en bei eis an der Gemeng ass mangelhaft. Hei schéingt et wéi wann de Schefferot des öfteren iwwerfuerdert wär.

 

rond pointTourismus an Attraktivitéit ginn vernoléissegt

Den Tourismus bleiwt am groussen Ganzen den privaten an staatlechen Akteuren iwwerloss. Wat d’Attrativitéit ubelangt, do bleiwt Munnerëf zum Deel e groussen Chantier wou d’Baudicht weider erop geet ouni dass fir d’Attraktivitéit vill gemaach gëtt. Mir als CSV sinn der Meenung, dass de Gemengebudget net déi néideg Akzenter a Saachen Tourismus an Attrativitéit setzt.

 

 

Altwies centreRenovatioun vum Zentrum vun Altwies – vill versprach mee net vill gemach

D’Renovatioun vum Zentrum vun Altwies gëtt virun de Wahlen vun der DP/Déi Gréng Majoritéit ëmmer nees gären grouss ugekënnegt – mee vun Legislaturperiod zu Legislaturperiod geschitt net vill. Mir sinn der Meenung, dass hei vill geppildelt gëtt mee keen Gesamtkonzept an Zäitplang do ass. Samt Museksschoul, wou et och net esou richteg virun geet, bleiwt d’Renovatioun vum Zentrum vun Altwies e weidert Beispill, dass eisen Schefferot sech bei der Emsetzung vun groussen Projet’en schwéier deet.

 

 

 

Grafik 3D’Käschten am Grëff behalen 

Esou klëmmt z.B. de Posten vun den Personalkäschten säit Joeren méi séier wéi déi uerdentlech Recetten. Hunn d’Personalkäschten 2010 nach 30% vun den uerdentlechen Chargen ausgemaach, esou sinn et der 2016 schon 40%. Fir d’CSV ass et wichteg, dass déi uerdentlech Käschten net andauernd méi séier klammen wéi déi uerdentlech Recetten, well soss op laang Siicht den Equiliber vun de Gemengefinanzen net méi kann garantéiert ginn.

 

 

Hei ass d’Interventioun vun der CSV am Gemengerot zum Gemenge-Budget 2016 (als PDF Fichier)

E Budget ouni Courage

Laisser un commentaire

  • (ne sera pas publié)