WIESSEL AM GEMENGEROT

F Rollmann2007 sinn ech mat vill Motivatioun an Iddien an den Gemengerot nogeréckelt. Als Stack-Munnerëfer war ech iwwerzeecht, dass sech bei eis an der Gemeng eppes änneren misst.

Esou hunn ech mech z.B. am Wahlkampf 2011 dofir agesaat, dass eis Gemeng endlech nees eng richteg Piscine kréien sollt. Eng Thermalstad ouni richteg Piscine ass wuel en Unikum ënnert den Thermalstied – a ganz sécher kee gudd. Fir DP/déi gréng Majoritéit war an ass eng Piscine awer entweder ze déier oder net prioritär. Déi selwescht Majoritéit huet awer eng nei Gemeng gebaut, e pompöse Bau deen mam Terrain nobäi 20 Milliounen Euro kascht huet.

An villen aneren Punkten huet mech d‘Politik vun der DP/déi gréng Koalitioun och batter enttäuscht. Esou sinn d‘Drénkwaasserquellen zu Altwies verlueren gangen – vun Quelleschutz oder gréisseren Sanéierungs-Moossnahmen keng Spuer.

Oder d‘Bautepolitik. Eenfamilljenheiser ginn duerch Résidencen ersaat an d‘Baudicht am Zentrum geet weider erop. An d‘Liewensqualitéit an de betraffenen Véi­erelen – geet déi och weider erop? Parallel ginn d‘Zones Bleues ausgewäit – mee eng Park-Vignette fir d‘Awouner gëtt et net, genee esou wéineg wéi e P&R.
Oppositioun ass ni einfach. Ma si ass grad an enger Konstellatioun immens wichteg, wou eng Partei zanter méi wéi 20 Joer praktesch eleng iwwert d’Geschécker vun der Gemeng bestëmmt. Ech hunn probéiert mäin Deel dozou bäizedroen.

8 Joer an der Oppositioun hunn vill Zäit a Kraaft kascht, Zäit déi ech gär bereed war fir d’Gemeng an hir Bierger opzebréngen. No menger Demissioun aus dem Gemengerot freeën ech mech awer elo drop fir meng Fräizäit nees méi mat menger Famill a mengen Hobbyen verbréngen ze kënnen.

Ech soen Merci un all déi déi mech an deenen Joeren ënnerstetzt hunn, an mengen Kollegen aus der CSV fir déi gudd Zesummen­aarbecht. Ech bleiwen der CSV Munnerëf-Duelem als Member vum Comité erhalen.

Mengem Nofolger am Gemengerot, dem Gilles Gengler, wënschen ech ganz vill Erfolleg.

Francis Rollmann

Laisser un commentaire

  • (ne sera pas publié)