Stellungnahm vun der CSV Fraktioun :
1. ALLGEMENGEN KONTEXT
Lëtzebuerg huet 2013 ökonomesch gesinn nees en schwieregt Joer erlieft, mat wéineg Wuesstum an engem Chômage deen d’7% Barrière duerchbrach huet. 2014 wärt d’ökonomesch Emfeld och net besser ginn, woubäi d’Lëtzebuerger Zentralbank awer en Liichtbléck erkënnen wëllt, an eng Croissance vum PIB vun 2,0% fir 2014 virausgesäit – den Chômage wärt awer iwwert 7% bleiwen.
An deem schwieregen wirtschaftlechen Emfeld ginn d’Gemengefinanzen negativ impaktéiert, woubäi mir hoffen, dass et am Kader vun der annoncéierter Gemengefinanzreform net zu enger Emverdeelung vun de Casinostaxen an domat zu enger Diminutioun vun den Recetten fir eis Gemeng kënnt.
Eng virsiichteg Finanzpolitik, ewéi an der Budgetscirculaire No 3105 vum Ministère de l’Intérieur rekommandéiert, ass also ubruecht.
Mir hunn déi leschten Joeren an de Budgetsdebatten ëmmer nees op eng virsiichteg Finanzpolitik higewisen, an virun allem drop opmierksam gemaach dat bei réckleefegen Recetten, d’Dépenses ordinaires serieux analyséiert misste ginn.
Déi gesetzlech virgeschriwwen Aféierung vun engem PPF, engem Plan Pluriannuel de Financement, ass bei dëser Analyse en wichtegt Instrument, fir iwwert en Zäitraum vun e puer Joer eng Projektioun ze maachen wou d’Käschten, respektiv d’Recetten histéieren. Laut eisen Informatiounen huet den Innenministère awer leider nach net déi néideg Informatiounen kommunizéiert, déi et den Gemengen géif erlaaben fir dësen PPF landeswäit an enheetlech ze erstellen.
An deem Kontext sief och erwähnt, dass d’Gemeng virun Joeren emol en 5 Joresplang vun enger bekannter Consulting-Firma erstellen geloss huet. Leider war dëst awer keen Aarbechtsinstrument mat deem een den finanziellen Volet vun gréisseren Projeen gesteiert hätt – an esou huet een zënter hier näischt méi vun deem 5 Joresplang héieren – an dat obwuel mir et puer mol hei am Gemengerot gefuedert hun.
Souwuel am Budget rectifié 2013, wéi och am Budget 2014 stellen mir eng negativ Entwécklung fest, wou de Boni am Budget ordinaire regelrecht schmëlzt. Den Boni vum Budget ordinaire ass awer d’Haaptgrondlag fir bestehend an zukünfteg Projeten kënnen ze finanzéieren ouni nei Scholden missen ze maachen – eng Entwecklung déi bedenklech ass.
2. BUDGET RECTIFIE 2013
Mir hunn d’lescht Joer de Budget 2013 als een Budget vun der Erniichterung definéiert, an wann een de Budget rectifié vun 2013 analyséiert sou muss een feststellen, dass mir richteg luchen.
Engersäits weist den Budget rectifié zum initialen Budget eng substantiell Degradatioun vum Boni ordinaire aus – an zwar genee €1.080.000 – anerersäits ginn am Budget extraordinaire haaptsächlech d’Prestige Projeten vum Schefferot realiséiert – wéi déi nei Gemeng, wou mer haut gewuer ginn dat den definitiven Käschtepunkt €18mio soll sinn an wobei Parkingen an Alentouren 4,5 mio kaschten – soss awer geschitt net vill. Dat gesäit een och net zulescht dorun, dass den Budget vun den Dépenses extraordinaires 2013 net emol zu 50% réaliséiert gëtt.
|
Article |
B2013 |
BR2013 |
% |
|
ICC |
4,364,000 |
4,000,000 |
-8.34% |
|
FCDF |
6,927,000 |
6,350,000 |
-8.33% |
|
CASINO |
4,500,000 |
4,000,000 |
-11.11% |
|
TOTAL |
15,791,000 |
14,350,000 |
-9.13% |
Am Budget rectifié 2013 ginn doriwwer eraus Dépenses ordinaires em 4% zum initialen Budget erof.
Elo kann een secherlech behaapten et hät een 4% zum initialen Budget gespuert. Et kënnt awer och esou sinn, dass deen initialen Budget villäicht op verschiden Positiounen en besschen zevill héich war.
Ausserdem ass dës Baisse vun den Dépenses ordinaires zum groussen Deel och technesch bedéngt, well d’Gemengen am Kader vun dem neien Finanzéierungsmodus vun der Maison Relais ab 2013 just nach 25% vum Defizit direkt finanzéieren – an net méi 100% wéi dat an der Vergaangenheet den Fall war. Esou stungen am Budget initial €350.000 fir d’Maison relais – am rectifié sinn et der elo just nach €65.000. Hei ass also net gespuert ginn – et ass eng reng technesch Operatioun.
Eis Enttäuschung spigelt sech awer virun allem am Budget extraordinaire erem. €19 mio sollten 2013 investéiert ginn an €9,3 mio stinn elo nach am Budget rectifié – dat sinn net emol 50% vun deem wat ugekënnegt war.
Natiirlech sinn och duerch den Staat e puer Projeten reportéiert ginn, wéi den réaménagement vun der avenue Franz Clement an dem Kreesverkéier op der Ellénger Gare.
Dat soll awer net doriwer ewechtäuschen, dass et tëschent deem wat fir 2013 ugekënnegt ginn war an dem wat réaliséiert gouf, grouss Diskrepanzen gëtt.
Hei e puer Beispiller:
- Investitiounen an Sportinfrastrukturen, wéi d’Erneierung vum syntheteschen Fussballsterrain an d’Aarbechten um Pétanque-Site ginn reportéiert;
- D’Mesures Anti-crues an der Renaturéierung vun der Gander ass en Dossier wou sech iwwerhaapt näischt ze bewegen scheint;
- D’Maison Schwachtgen verfällt weider an gëtt ëmmer méi zu engem Schandfleck an eiser Gemeng;
- D’Rénovatioun vun der Synagogue, wou näischt geschitt;
- En Uschloss und dat nationalt Vëlos-Weer-Netz steet schon säit Joeren am Budget an gëtt säit Joeren ëmmer nees reportéiert. An wéi ass et mat gesécherten Vëlosweer tëschent Altwies, Mondorf an Elleng;
- Den Dossier Logement, wou 2013 alt nees keng Terrainen kaaf goufen;
- An den Site vum alen Camping Bad Bechelchen – et ass an Wieder bal net ze beschreiwen an et muss een sech dat Trauerspill wierklech op d’Platz ukucken goen fir et ze gleewen – eng ehemolleg touristesch Zone déi zu enger Gemengedéponie verkënnt an och nach net securiséiert ass. Eis Thermalstadt huet wierklech eppes Besseres verdéngt!
- An dann déi 2011 grouss ugekënnegt Musekschoul zu Altwies – och reportéiert an wou mer haut annoncéiert kreien dat Musekschoul dann definitiv nët gebaut gëtt an där Form wéi DP 2011 Wahlkampagne gemaach huet.
Dat sinn alles konkret Beispiller déi beleeën, dass d’Gemeng Mondorf net optimal evoluéiert.
3. BUDGET 2014
Budget Ordinaire 2014
Erstaunlech ass et schonns dat engersäits am Kader vun schwieregen ökonomeschen Zäiten eng virsiichteg Finanzpolitik realiséiert soll ginn – wéi den Inneministère an senger Circulaire budgétaire No 3105 all den Gemengen rekommandéiert huet – an een anerersäits awer feststellt, dass de Schefferot en Budget ordinaire fir 2014 presentéiert wou d’Recetten nëmmen 2% erop ginn an Dépensen awer ëm ganzer 11% klammen.
Mir als CSV fannen, dass dat eng bedénklech Evolutioun am Budget ordinaire ass, déi zukünfteg Investiounen am extraordinären Deel vum Budget hypothékéiert.
An dem Kontext wëllen mir drop hiweisen, dass den haapt Käschtendreiwer vun den Dépenses ordinäres am Budget d’Personnalkäschten sinn.
Am Budget 2014 sinn 5 nei Posten am Organigramm virgesinn, déi am Budgets-Dokument nëmmen deelweis erklärt ginn. Et feelt un enger Bestandsopnahm vun den reellen Besoinen, enger Beschreiwung vun deenen neien Tâchen an engem Gesamt-Konzept fir d’Zukunft, dat dësen Ëmstänn Rechnung dréit an och an engem PPF kann mat verschaft ginn. Op alle Fall léien dem Gemengerot zu dem Thema keng weider Donneeën fir – an esou ass d’Personnalpolitik vum Schefferot fir eis weiderhin net transparent genuch. Fir dat mer net messverstaanen ginn, et ass wichteg dat mer gudd forméiert an motivéiert Personnal hunn, mir vermessen awer wéi virdrun explizéiert eng kohärent an transparent Vue.
Mir hunn déi lescht Joeren an de Budgetsdebatten ëmmer nees drop higewisen, dass et extrem wichteg ass fir d’Hausse vun den Dépenses ordinaires an de Grëff ze kréien. En Screening vun den reellen Besoinen am Budget ordinaire ass also batter néideg. D’Finanzkommisisoun huet an hierem Avis jo och dorop higewissen.
Wat d’Recetten ugeet – do soll et bei der Mülltaxe zou enger Taxen-Upassung – sprech Erhéijung – kommen fir dem Käschtendeckungs-Prinzip Rechnung ze droen. De Prinzip vun der Käschtendeckung ass e Prinzip zu dem d’CSV Fraktioun sech ausdrécklech bekennt, allerdéngs mussen all d’Elementer kloer um Dësch leien.
D’Problematik vun der Müllentsuergung ass villschichteg an komplex. Dofir soll een net einfach mat engem Fiederstrich d‘Taxen an d’Luucht setzen – ouni en adequat Konzept entwéckelt ze hunn. Mir sinn dofir frou, dass eis Propositioun vun 2013 – an zwar dass d’Finanzkommissioun an d’Ëmweltkommissioun sech zesumme setzen sollen, fir en adequat Konzept auszeschaffen, ier mir, dem Bierger mat méi héijen Taxen an Täsch gräifen – elo emgesaat soll ginn an déi 2 Komissiounen sech mat der Themetik befaassen wärten.
Anerersäits schloe mir fir – parallel zu dem Exercice – och d’Allocation Compensatoire pour Taxes communales ze iwwerschaffen, fir esou den akommesschwaache Stéit ënnert d’Ärm ze gräifen.
Doriwwer eraus wënschen mir der deelweis neikonstituéierter Finanzkommissioun, mat hierem neigewielten President Claude Stephany an senger Equipe vill Erfolleg an eng konstruktiv Zesummenaarbecht
Dann zum Resultat vum Budget ordinaire 2014 – do bleiwt en Boni vun 3 Milliounen. Wann mir d’Casinostaxen ewech rechnen, dann géif den Budget ordinaire allerdéngs mat engem Mali ofschléissen. Oder, an aneren Wieder, ouni d’Casinostaxen wär d’Capacité d’Autofinancement vun neien Projeen gläich null. Nach eng bedenklech Situatioun.
An deem Kader nach en puer Zuelen fir ze dokumentéieren wéi séier eisen Budget an déi falsch Richtung evoluéiert.
2010 haate mir nach en Boni vun €6,3 mio am Budget ordinaire, mat 18,1 mio Recetten an 11,8 mio Depensen – 2014 ass den Boni nëmmen nach 3 mio – also 3,3 mio manner – dat ass an engem Zäitraum vun nëmmen 4 Joer eng Baisse vun iwwert 50% vun der Capacité d’Autofinancement fir Projeen am Budget extraordinaire ze finanzéieren.
Evolutioun vum Budget ordinaire vun 2010-2014
|
2010 |
2011 |
2012 |
B2013 |
BR2013 |
2014 |
|---|---|---|---|---|---|
|
18,141,021 |
18,774,127 |
19,359,148 |
18,953,003 |
17,374,163 |
17,686,755 |
|
11,811,517 |
13,421,915 |
13,721,443 |
13,654,519 |
13,154,809 |
14,614,755 |
|
6,329,504 |
5,352,212 |
5,637,705 |
5,298,484 |
4,219,354 |
3,072,000 |
Budget extraordinaire 2014
Am Budget extraordinaire sollen €13,5 mio investéiert ginn, wou nach fir déi nei Gemeng € 500.000 an fir d’Maison Relais € 2 mio ufalen. €2Mio Infrastrukturaarbechten sinn zu Altwies, Mondorf an Elleng virgesinn.
De Veräinsschapp zu Elleng gëtt renovéiert, souwéi Kierchenfaçaden an der Gemeng. €750.000 ginn an den Kreesverkéier op der Ellénger-Gare investéiert an mir hoffen dat dësen wichtegen Projet am Kader vun der Stroossensecherheet endlech kann réaliséiert ginn.
Allgemeng hoffen mir, dass den Investitiounsprogramm 2014 besser realiséiert gëtt wéi dat an der Vergaangenheet den Fall war.
PAG
Wéi d’lescht Joer gëtt den neien PAG mat €300.000 budgetiséiert, wat natiirlech net duergeet, an esou gëtt an deem Dossier monter weider-gepiddelt. Dobäi ass den neien PAG dat wichtegst Instrument fir d’Weiderentwécklung vun eiser Gemeng fir déi nächsten 30 Joer. Do wär et endlech un der Zäit Neel mat Käpp ze maachen.
Mobilitéitskonzept
An Saachen Mobilitéit, Parkplaatzen esou wéi engem Park & Ride Konzept feelen fir eis déi néideg Usätz am Budget.
Logement
Net vill besser ass et am Logement – 2013 sinn € 0 an den Akaaf vun Terräien investéiert ginn. Fir eis ass dat en groussen Feeler – an esou geet d’Bauland Reserve vun der Gemeng weider erof.
2014 well de Schäfferot Terräien fir € 500.000 kaafen – dat awer wuel kaum fir sozial Wunnengen ze bauen.
Erschwénglechen oder sozialen Wunnengsbau gëtt et nach ëmmer net an der Gemeng Mondorf. An der Gemengerotssëtzung vum 15.5. 2013 ass de Gemengerot informéiert ginn dat Konventioun mam Fonds du Logement denoncéiert ginn ass, an duerch en kommunalen Projet ersat soll ginn – wéi an ënnert wat fir enger Form dat geschéien soll weess de Gemengerot bis haut nach net.
Wéi ass et nëmmen méiglech, dass d’Gemeng Mondorf et seit Joeren, et kann een bal soen Joerzéngten, net fäerdeg bréngt eng sozial Wunneng ze bauen?
An dann kënnen mir eis nëmmen wonneren an eis froen op mir richteg héieren hun – eis nei Logementsministesch huet den sozialen Wunnengsbau mam Fonds du Logement an der SNHBM als eng vun den zukünftegen Prioritéiten definéiert – an dat wann een wees, dass sie et selwer net fäerdeg bruecht huet no ronn 17 Joer un der Spëtz vun eiser Gemeng och nëmmen 1 eenzeg sozial Wunneng ze bauen.
Mir sinn emol gespaant op den neien Schefferot, zesummen mat eiser neier Wunnengsbau-Ministesch, et an deenen nächsten Joeren endlech fäerdeg bréngt déi éischt sozial Wunneng an eiser Gemeng ze bauen.
Site Bei Gremelter
Um Site Bei Gremelter, an der Zone sportive et récréative gëtt en Plan directeur ausgeschafft – een neie Lycée soll op dëser Platz entstoen. Mir hoffen, dass dësen Projet vun der neier Regierung zügeg virugedriwwen get.
Am Kader vum 5 Joeresplang huet den Här Sportsminister dës Woch confirméiert, dass den Velodrôme och op dem Site soll gebaut ginn.
An deem Kontext wären mir frou, wann de Gemengerot mol géif an den Plan directeur Bei Gremelter mat agebonnen ginn, oder zumindest regelméisseg informéiert ginn, wou mir mam Plan directeur do drun sinn.
Nohaltegkeet
Am Kader vun enger nohalteger Politik stelle mir fest, dass och do nach villes ze verbesseren wier. Esou léisst d’Renaturéierung vun der Gander weider op sech warden, den Site vum alen Camping ass, wéi schon gesot, en Trauerspill an Kompensatiouns-Mossnahmen bei neien Bauprojeen ginn et an eiser Gemeng weider keng.
Den Emweltschutz – genee wéi den Quellenschutz – ass an eiser Gemeng quasi inexistent.
Eiser Meenung no kënnt och méi gemach ginn fir Energie ze spueren. Mir denken do virun allem un den Fuhrpark vun der Gemeng an un d’öffentlecht Geliichts.
Mee an deem Dossier leeft jo am Kader vum Pacte climat eng gréisser Etude – mol kucken wéini do éischt Resultater kommen.
4. Conclusiounen
Wat den Budget rectifié 2013 ugeet ass et ganz einfach – mir hun den initialen Budget 2013, wéi deen hei zum Vote stung, net matgestëmmt – an mir hunn eis Décisioun deemools hei am Gemengerot mat Argumenter ënnermauert an erklärt. Vu datt den Budget rectifié den Budget initial am Groussen an Ganzen ëremspigelt, stëmmen mir deen natiirlech och net mat.
Wat den Budget 2014 ugeet, leien eis virun allem folgend Punkten um Mo:
- Dem sozialen Wunnengsbau gëtt nach ëmmer weider keng Rechnung gedroen – esou huet d’Gemeng nach ëmmer keen eegenen sozialen Wunnengsbau-Projet, an dat trotz den substantiellen Recetten, déi d’Gemeng zënter Joeren vum Pacte Logement kritt;
- D’Ökologie kënnt fir eis weiderhin ze hurz – och do fënnt een net vill am Budget – datselwescht gëllt iwwregens fir den Tourismus;
- Eis Jugend brauch méi Fräiraum – an och do steet fir eis net genuch am Budget;
- Wat déi ordinär Dépensen ugeet – déi jo 2014 par rapport zum rectifié 2013 mat +11% ferm klammen – ass et esou, dass d’Personnal hei den haapt Käschtendreiwer ass – nei Posten am Organigramm sollten also gudd iwwerluecht an dokumentéiert sinn – leider fannen mir fir déi 5 nei Posten am Organigramm 2014 weider keng Informatiounen am Budgets-Dokument – an esou ass d’Personnalpolitik vum Schefferot fir eis weiderhin net transparent genuch;
- Doriwwer eraus stinn vill Sachen am Budget déi mat eisem egenen Wahlprogramm vun 2011 net an Aklang ze bréngen sinn – wéi zum Beispill der Majoritéit hieren Projet um Site vum alen Camping;
- An last but not least gëtt déi exceptionnel Finanzsituatioun vun eiser Gemeng fir eis net optimal ausgenotzt – firwat exceptionnel? – Emmerhin kommen an engem Zäitraum vun 10 Joer iwwert 40 Milliounen Euro un Casinostaxen eran – dat sin Souen déi aneren Gemengen net zur Verfügung stinn – an déi Souen ginn hei an der Gemeng an en puer extrem déier Prestige Projeen, wéi der neier Gemeng gestach. Mir sinn der Meenung, dass een mat deenen Souen nach vill aner Sachen maachen kënnt, déi dem Bierger an dem Tourismus an eiser Gemeng géiffen zugudd kommen.
Aus deenen Grënn stëmmen mir den Budget 2014 net mat.
D’CSV Fraktioun am Gemengerot Mondorf
| Bichler Gérard Conseiller CSV |
Reuter-Groben Christiane Conseillère CSV |
| Dublin Christian Conseiller CSV |
Rollmann Francis Conseiller CSV |