Exercice 2013: E Budget vun der Erniichterung

1. Allgemenge Kontext

Och d’Joer 2013 wäert grad sou wéi déi Viergängerjoeren e Joer gin wat sech global ewéi national an engem schwierege wiertschaftlechen Ëmfeld beweegt.Gerard_Bichler
Ekonomesch gesi gi mir um nationale Plang vun enger Stagnatioun aus; de Wuesstem gemoss um PIB bewegt sech an der Forschette zwëschen 0,0% an 0,7%.

Finanztechnesch gesinn hun mir et op nationalem Plang mat engem Budgetsdefizit ze dinn, die leider kee konjunkturelle Charakter, mee éischter e strukturelle Charakter huet.

D’Finanzplaz mat hiren Acteuere Banken, Fongen an anere an duerch hier generéiert Akommessteier, d’Mëllechkou  iwwert Jorzéngten ewech trëppelt op der Plaz an déi néi europäesch Regelen, déi an de kommende Joeren ëmzesetze si wäerten och éischter e bremsenden Effet op d’Akommes vun der Finanzplaz hunn an esou och kee weidere Wuesstemsimpuls ginn.

Aner Secteuren, déi d’Relève hei huele kënnte sinn an deem Mooss net a Sicht.

 

2. Revenus ordinaires

Et ass duerfir kloer datt déi wéineg positiv Entwécklung vun de Steieren och en Effet op d’Gemengesteiere wéi den ICC hunn och wann an de Joeren 2011 an 2012 den ICC eng positiv Entwécklung hat – esou ass dësen Effet awer op aussergewéinlech Ëmstänn zréckzeféieren – et gouf verstäerkt en Effort gemaach bei den Betriber Steierréckstänn anzedreiwen en Effort, die weder kontinuéierlech nach revolvéirend ass.

Duerfir gëtt den ICC op de Stand vum Budget 2012 weidergeschriwwen – et sinn dëst ronn 4,4 Mio. EURO.

De Fonds Communal de Dotation financière par contre geet duerch d’Akommessteier op de physesche Persounen an duerch d’Entwécklung vun der TVA an d’Luet –hei ass eng Progressioun mat agerechent vun 2.9% op den initiale Budget vun 2012 a gëtt vir 2013 bei 6,9 Mio. EURO gesinn.

Wat d’Casinostaxen ubenlaangt esou stelle mir erfreet fest, datt dës Taxen net substantiell erofginn – et hätt een dat jo kënne fäerten ëmmer hin huet de Casinosbetrieb grouss Ëmbauaarbechten hannert sech. D’Casinostaxen gi mat  4,6 Mio. Euro an de Budget vun 2013 ageschriwwen.

Entwecklung Revenuen
Mir als CSV Fraktioun am Gemengerot Mondorf stellen  mir also fest déi Haptkomponenten op der Säit vun de Revenuë vum Gemengebudget vu Mondorf –  ëmmerhi machen ICC, FCDF an Casinostaxen ronn 84,11% vun de Gesamtrecetten aus net nëmme stabel bleiwen mä esouguer liicht klammen (0.7%) wann een se mam Budget 2012 vergläicht. Dës Recetten, déi sougenannten Revenus non affectés,  kommen vum Staat hir Entwëcklung ass fir eis Gemeng positiv an wier och esou wann aner Leit resp.  aaner Parteien de Schäfferot stelle giffen.

Komme mir elo zu deenen aneren gewéinlechen Einnamen: Ech hunn déi Einnahmen an dräi Kategorien opgedeelt: Taxes et revenus affectés, Loyers et recettes financières an en Divers.

Revenus Ordinaires 2012

 

3. Erhéijung vun de Mülltaxen

Bei den Taxes et revenus affectes stelle mir fest, datt d’Kanals an d’Wassertaxen méi oder wéineger um Niveau vun 2012 bleiwen, d’Recetten aus den Mülltaxen awer um 27% gehuewe ginn.

De Virwand fir dës Hausse ass sécher d’Applicatioun vun dem sougenannten  Prinzip vun der Käschtendeckung.

Et ass hei ze bedaueren, datt hei kee Rechenmodus mam Budget verëffentlecht gouf.

A mir stellen eis echt d’Fro firwat muss ausgerechent d’Gemeng Mondorf ëmmer erëm virun de Won lafe wann et heescht d’Taxen ze erhéijen.

Huet een eppes vun der Erhéijung vu Käschte fir d’Müllentsuergung geflüstert jupps ass de Schäfferot do an hält de Grapp op.

Ech soe geflüstert well am uerdentleche Budget ginn d’Käschte fir d’Müllentsuergung näämlech nët erop.

An dann ass dat esou eng Saach mat der Müllentsuergung.

Et gëtt gesot dann ass et um Bierger fir ebe manner Müll ze produzéieren.

Si mir dann iwwerhaapt sécher datt manner entsuergte Müll och automatesch manner Käschten bedeiten.

Wat ass wann den Transport vum Müll den Haaptkäschtendreiwer ass?

Ginn Entsuergungskäschten dann tatsächlech erof wann d’Camionen hallef eidel dorëmmer fueren?

A wéi moosse mir dann de vun der Gemeng ewech gehollene Müll?

Mat Barcode a Gewiicht?

Ech dërf drun erënneren datt a Gemenge wou si dat agefouert hunn d’Gewiicht vum transportéierte Müll drastesch erofgaangen ass.

Allerdéngs op manner Müll produzéiert gouf konnt kee soen – et wousst näämlech keen et. Béis Zongen hunn näämlech behaapt et giff elo méi Müll am Bësch leien.

Also d’Problematik vun der Müllentsuergung ass eng villsäiteg a komplex Problematik a mir warnen derfir hei einfach mat engem Fiederstrich d’Revenuen duerch d’Müllentsuergung an d’Luucht ze setzen ouni en adequat Konzept entwéckelt ze hunn.

Hei sollten am Virfeld d’Ëmweltkommissioun an d’Finanzkommissioun sech zesumme setze fir en adequat Konzept ze entwéckelen iert mir dem Bierger mat méi heijen Taxen an Täsch gräifen.

De Prinzip vun der Käschtendeckung ass e Prinzip zu dem d’CSV Fraktioun am Mondorfer Gemengerot sech ausdrécklech bekennt, allerdéngs mussen all Elementer kloer um Dësch leien an da muss och op deeër anerer Säit d’Allocation Compensatoire pour Taxes communales iwwerschafft gin fir eben den akommesschwaache Stéit ënnert d’Ärem ze gräifen.

Als CSV schloe mir fir, datt am selwechte Moment wou d’Mülltax iwwerschafft gëtt och d’Allocation compensatoire iwwerschafft sollt ginn an och hei Kompensatioune fier d’Mülltaxen ze erweideren. Et geet hei nët nëmmen ëm en Upassen vun de Beträg, mä och d’Nomenclature vum Budgetsposten wier hei unzepassen.

Daat ass an dësem Budget nët de Fall also wäerten mir dësem Punkt nët zoustëmmen kënnen.

 

4. Drënkwaasserproblematik

Wat d’Waasser ubelangt esou ass am Budget virgesinn datt d’Gemeng Mondorf d’Waasser och am Joer 2013 iwwert den SESE bezitt, en Ëmstand, dien eis am September bei den Budgetsupassungen fir 2012 fir d’éischt esou präsentéiert gouf. Allerdëngs wousst de Schäfferot dem Budget no daat schon zënter Mäerzwann nët esou guer éischter  – mat Méinten Verspéidung gouf den Gemengerot op eng indirekt Art a Weis informéiert durch d’Budgetupassungen datt 75% vun eisem Drënkwasser nët mei an Drënkwaassernetz kann agespeist gin eng regelrecht Ëmweltkatastroph,wëllden Doilesbour huet en Debit vun plus ou moins 500 Liter d‘Minutt – hat et do nët an der Schäfferoterklärung geheescht den Schäfferot wëllt op eng transparent Manéier kommunkéieren. Fir eis gesäit Transparenz aanescht aus!

Mir gesinn nämlech nach ëmmer nët 100%teg kloer, wat dann elo derzou gefouert huet, datt daat Waasser vum Doilesbour, dien iwwert Jorzénkten ewech en qualitativt heichwerteg Waasser geliwwert huet nët méi an d’Drënkwaasserleitungsnetz kann agespeist gin. Als Explikatiounen hunn mir wuel héieren, datt d’Madame Buergermeeschter dervun geschwart huet datt esouwuel d’Autobunn ewéi och den Nitratgehalt duerch Düngung den Ursprung vun de Problemer wieren.

Wann d’Autobunn Schold un der Veronrengegung vum Drënkwasser ass dann sinn et wuel d’Hydrocarburen, déi obwuel se opgefangen ginn sollen awer durch ondicht Plaazen am Leitungssystem an eist Drënkwaasser kommen.

Mir als CSV froen den Schäfferot datt bei der Etude, déi gemach gëtt besonnesch den Volet Ursponk vun der Verorengegung an eventuell Responsabilitéit agangen gëtt. Mir schloen och fir datt dann déi noutwëndeg Konsequenzen gezunn ginn an eventuell Recours beim Staat ze huelen wann kloer erwiesen ass datt d’Autobunn un der Origin vun desen Problemer stäet.

Mir hunn während Méint a Joeren hei argumentéiert den Wasserpräis misst an d’Luet goen, wëll mir eng europäesch Direktive mussen ëmsetzen, déi zum Ziel huet den Käschtendeckenden Waasserpräis anzeféieren fir datt dat europäescht Gewässer erëm méi proper ginn muss. Argumentéiert ass ginn an et ass richteg, datt d’Waasser en kostbart Gutt ass wat dann och säin Präis hätt.

An elo nodem de Bierger fier dat kostbart Drënkwaasser méi bezuelen muss well jo derfier gesuergt muss ginn datt d’Waasser an d’Gewässer méi proper ginn muss kommen mir a soen:

„Et deet eis leed léiwe Bierger du bezills zwar elo méi, awer eist Drënkwaasser ass elo duerch d’Autobunn verknascht??“.

Ech mengen wann mir gären hätten datt de Bierger eis eecht huele soll, sinn mir op jidderfall verpflicht hei Klorheet ze schaafen an den Drëpsi misst déi Klorheet och dem Bierger nobaussen kommunizéieren.   Hei muss eng Etude op den Dësch déi Ross und Reiter nennt an dann plädéieren mir der fier datt do wou d’Responsabilitéit festgestallt gëtt déi Reponsabilitéit och ageklot gëtt.

Zum Schluss froe mir eis  jhust „waat seet eise“grienge Schäffen“ dann heizou??“.

Zesummenfassend stelle mir fest datt d’Revenuen vun eisem Gemengbudget zwar am Verglach mam Budget initial vun 2012 ëm 400.000 EURO erof gin mä datt daat duerch d’Maison relais ze erklären ass, déi nët méi nom Brutto Prinzip hei am Budget erfasst ass, mä doduerch, datt d’Subvention direct un „Anne A.s.b.l.“  iwert d’Conventioun bezuelt gëtt nët méi op der Recettensäit hei am Gemengbudget mä jhust nach bei den Dépensen den Gemengenundeel gewiesen gëtt.

 

5. Dépenses ordinaires

Wat Dépenses ordinaires ubelangt esou kann een folgend Analyse machen:

Dem Budget fir 2013 no gëtt Gemeng Mondorf 28% vum Budget aus fir d’Administratioun, den Ordre public, de culte an d’Santé. Durch d’Revenus affectés berengegt mecht ëmmerhin nach 21% déi eis Gemeng vun den Revenus non affectés brauch.

Fir den Enseignement an d’Maison relais gin mir brutto 19% aus, netto Revenus affectés berengegt sinn dat nach 16%.

Als next gin mir ronn 14% aus fir d’Müllbeseitegung, d’Wasserliwwerung an d’Ofwaaserofféierung –wann mir dann d’Revenus affectés ofzéihen bleiwt hei nach legedlech 1% iwwrech.

D’Voirie, den Elairage publique an écologie machen brutto 13% vun eisen Käschte aus. Duerch d’Revenus affectés berengegt machen dëst nach 11% aus.

8% vun eisen Käschten gin un Prévisions sociales an och 8% un Sport an  Cultur.

Bei den Prévisions sociales verbleiwen noch dem Ofzeihen vun den Revenus affectés nach 6%.

Bei Sport an Kultur sinn et Revenus affectés berengegt nach 7%.

5% mecht och d’Zreckbezuelen vun der Gemengeschold aus wat mat den Zënsen,déi d’Gemeng finanzberengegt nach 4% ausmecht.

D’Musikschoul mecht ronn 2% vun den Dépensen aus an Revenus affectés berengegt nach 1%.

Ënnert Verschieddenes (ouni den Casino) gin mir 3% aus, duerch den recours op den fonds de réserve, wou mir 300.000 EURO ophiewen gëtt dës Depense esouguer licht iwwerkompenséiert.

Insgesamt verbleiwen vun den Revenus non affectés, dem ICC, dem FCDF an dem Casino nach 33% fir an de Budget extraordinaire ze investéieren.

rev Et bleiwt hei festzestellen, datt d’Ausgaben fier eis Administratioun, den Ordre Public, den Culte an d’Sécurité prozentual gesinn iwwert vergläichbar Werter vun aaneren Gemengen leien, datt Taxen fir den Müll, d’Waasser an de Kanal nom Budget praktesch käschtendeckend sinn an datt d’Belaaschtung durch d’Gemengeschold ënnert dem Wert vun aaneren Gemenge läit. Wann also Aspuerpotential bestäet, ass et fir un éischter Linn en Screening vun den Administratiounskäschten ze machen. D’Musikschoul ass den falschen Posten fier den Spuerhiewel unzesetzen.

Ech muss soen ech sinn einfach verblüfft iwwert d’Aussoen an der Finanzkommissioun,déi iwwert den Screening vun den Depensen gemach gin sin. Wann den Ordinairen Budget d.h. d’Ausgaben erofgangen sinn dann ass daat an éischter Linn well d’Maison relais no dem neien Plan Comptable nët mei brutto esouwuel an der Einnahmensäit an an der Ausgabensäit ofgefouert gin sinmei jhust nach nett op derAusgabesäit. Dat mescht eng differenz vun 650. 000 Euro aus, déi nët duerch Aspuerungen kommen mä jhust duerch an aanert Duerstellen vun den Dépensen.

Am Detail nach folgend Punkten:

Wat eis iwwert den Depensenbudget opgefall ass datt den „Brot und Spiele“-Prinzip iwwert verschidden Posten vum Budget verdeelt ass. Et geet un mam Posten

3/111/615243/99001 Menues, dépenses imprévues du collège échevinal: 40.000 EURO an dann weider :

3/621/612200/99002 Services d’entretien et réparations des infrastructures publics: 120.000 EURO, hei sin dran enthaalen fêtes publiques, marché de noël, marché culinaire

3/860/615241/99001 Frais de fêtes publiques : 80.000 EURO hei sinn drann enthaalen organisations des fêtes publique, réceptions, vins d’honneur, fête nationale, journée des bourgmestres, banquet de fin d’année.

En plus sinn och nach an aaneren budgetsposten ewéi den subside vun der Kulturkomissioun an der Kommissioun vum drëtten Alter manifestatiounen, déi en öffentlech Feier-Charakter hun dran enthaalen.

Och wann een sëcher eng Rei vun Ausgaben an dësem Kontext als Gemeng muss machen sinn mir derMeenung, datt hei den sougenannten Screening misst gemach gin an déi Aktivitéiten,déi ënnert d’Kategorie „nice to have“ faalen sollt zréck gefuer gin. Dat giff der Glawwiedegkeet vun der Politik hei an der Gemeng zugudd kommen.

An punkto Klimabündnis heescht et same comment as every year.Mat Ausnahm vum Bezuelen vun der Cotisatioun nët vill bis guer näischt.

Ausserdeem stelle mir e bëssen verwonnert fest, datt am ganze Budget keen Pipjeswuert iwwer den Klimapacte stäht. Mir sinn jo eng Klimabündnisgemeng oder nët?

Déi Grieng sinn jo hei zu Munneref am Schäfferot oder nët.

Den Klimapakt bidd eng Partie Méiglechkeeten fir konkret um Terrain als öffentlech Institutioun oder als Hëllef fir Privatleit am Kader vun der CO2 Reduktion ze schaffen.

Mir, daat heescht d’CSV an d’LSAP Fraktiounen wärten am nächste Gemengerot hei eng Motioun fir den Bäitrëtt zum Klimapacte an de Gemengerot brëngen.

Iwregens haate mir nët och an verschiddenen Walprogrammen gelies datt „Dachkatasteren“ fir eng optimal Solarenergienotzung giffen erstallt gin. Am Budget weder am ordinairen nach am extraordinairen ass eng Spuer heivun. D’Gemeng Fluesweiler huet elo Neel mat Käpp gemach an öffentlech Diech zur Verfügung gestallt fir d’Solarenergie ze förderen. Hei kann de Schäfferot sech en Beispiel huelen.

 

6. Budget extraordinaire

Den extraordinairen Budget d.h. Dépenses extraordianires gin gedeckt engersäits durech eng Reih vun Recettes extraordinaires affectées aanerer Säits duerch Recettes ordinaires non affectées an letztendlech duerch den Boni vum Joer virdrun.

Mir hun eis fir eis Analyse décidéiert fier och hei den Nettoprinzip unzewenden: d.h. mir sinn ausgaangen vun den Dépenses extraordinaires, hunn dunn gekuckt wat sin d’Recettes affectées, déi denen Posten géint iwwerstinn an dann wat muss d’Gemeng Munneref vum extraordinairen Budget dann finanzéiert kréien. Awer elo der Reih no :

Aus den Recettes ordinaires non affectées stinn eis 5,3 Mio. EURO zur Verfügung. Heibäi kommen 1,6 Mio. EURO, den erwartenen Boni vun 2012  esou, datt eis am ganzen 6,9 Mio. EURO zur Verfügung stinn. Den netto Finanzierungsbedarf am Extraordinairen Budget ass: 8,3 Mio. EURO wouvun 850.000,- aus dem Verkaaf vun Liegenschaften gedeckt gin an 600.000 Mio. EURO duerch en neinen Emprunt gedeckt gin.

Hei ass als éischt d’Fro ze stellen fierwat d’Lokal France 2000 verkaaft gëtt an ob daat heescht, datt d’Kommissiounssitzungen elo intergral am neien Gemengenhaus stattfannen an doraus ofgeleed ob déi eenzel politesch Parteien dann och elo en Versammlungsraum fier hier Delegéiertenrotsversammlung an der neier Gemeng zur Verfügung gestallt kréien? Komme mir elo zur Opdeelung vun deenen eenzelnen aussergewéinlechen Depensen:

 

7. Plan Pluriannuel de Financement

Un éischter Plaaz vermësse mir hei den sougenannten PPF den plan pluriannuel de financement. Et ass eis wuel bewosst datt een nët alles mateneen kann realiséieren an duerfier wier esou en plan pluriannuel de financement gudd fir sëcher ze stellen datt och fest geplangten an demWieler versprachen Projeten kënnen realiséiert ginn.

 

8. Erschwéngleche Wunnéngsbau

Hei ass ze bemierken, datt am extraordinairen Deel vum Budget keng Fongen méih virgesinn sin fier nei Terrainen unzekaafen. Daat ass an eisen Aaen en politeschen Fehler.

Eng Gemeng wéi Monodorf mat deer enzegarteger Chance en Casino op hierem Territoire ze hunn misst et färdeg brëngen fir jährlech op mannst d’hallschent vun dem Betrag also zwëschend 2 an 2,5 Mio. EURO an de Budget anzeschreiwen fir den Ukaaf fir nei Terraien deen genotzt kann ginn fier erschwenglechen Wunnraum ze schaafen an oder fir Kompensationsmossnahmen fir dat villt Gebauts an eiser Gemeng auszegläichen.

Mir hunn jo de Pacte Logement ënnerschriwwen a wann mir eis richteg erënneren ass de Pacte Logement an d’Liewen geruff gin fier bezuelbaren Wunnraum ze schaafen.

Hei an der Gemeng geschitt seit Joeren näischt an deem Sënn.

Den soziale Wunnegsbau am Rousebierg stecht an der Saackgaas, d’Wunnegen am Bréil kann och nëmmen deen sech leeschten, dien eng iwwerduerchschnëttlech Pei huet an den Projet hinter der Kirch ass duerch d’Ongeschëck vun de Promoteuren an dem Schäfferot vum Innenminister verworf gin.

Firwat gin dann op nationalem Plang Efforten gemach an Intrumenter wéi den Droit de Préemption, den Droit de Superficie, den Bail emphythéotique, den portage foncier an den Prinzip vun der Location-Vente definéiert wann d’Gemengen, déi den Pacte logement ënnerschriwwen hunn dëst Instrumenter nët ëmsetzen?

Am DP-Informationsblaat „Méi fier eis Regioun“liese mir vun engem Stillstand am Beräich Wunnengsmart. Hei kritt, wéi nët aanescht ze erwaarden d’Regierung den Schwarzen Péiter an de Grapp gedreckt fier déi ongënschteg Entwëcklung vun den Bau- an Terrainspräisser.

Allerdëngs musse mir hei ganz einfach feststellen, datt d’Munnerëfer Gemeng, Signataire vum Pacte Logement, mat der Chance en Casino op hierem Territoire ze hunn keng Suen huet fier eng adequat Logementspolitik ze bereiwen.

D’Investissementer beschränken sich op den Kaaf vun Emprisen, heifir stinn 120.000 EURO Budget. Ëmmerhin ass een versicht hei ze soen.

An trotzdeem dir Dammen an dir Hären mir sinn als Gemeng en Deel vun dësem Stillstand … och wann mir nët an der Regierung sëtzen.

D’CSV-Fraktioun mecht den Viirschlag fier 2013 zumindest déi Suen, déi durch den Verkaaf vun Liegenschaften 850.000 EURO also ze huelen an se an de Budget extraordinaire an ze setzen  fir den Akaaf vun Terraien fir bezuelbaren Wunnraum ze schaafen.

Mëttelfristeg soll d’Ziel ugesteiert ginn d’Hallschecht vun den Revenuen duerch d’Casinostaxen a bezuelbaren Wunnraum ze investéieren.

 

9. PAG’en an Masterplang

Am Budget stinn 300.000,- Euro drann fir d’Erneierung vun den PAG’en en Betrag den nie duer geet – hei misst op jiddefall endlech Neel mat Käpp gemeet gin an en Masterplang an beoptragt gin anstatt datt hei gepiddelt an do gepiddelt gëtt.

D’Maison „Schwachtgen“ zu Munneref ass iwwerhaapt nët méi am Budget ze fannen hei muss ein einfach feststellen, datt dat Gebäi dem fräien Verfall iwwerloss gëtt – Domage et quel Gaspillage! Kann een do nëmmen soen.

Doriwwereraus stelle mir eis Froen iwwert eng Rei vun Projeten, déi kuerz virun de Walen grouss ugekënngt gin sin an weder am Budget 2012 nach am Budget 2013 konkretiséiert gin sin.

 

10. Maison Victor Hugo

Ech schwätzen hei vun der Maison Victor Hugo zu Altwies, wou jhust 200.000 EURO am Budget stinn an wat no den Aussoen, déi an der Finanzkommissioun gemach gin sinn nach jhust als „winding-down“, als Ofwëcklungs-Strategie unzegsinn sinn.

Hei ass virun de Walen mat den Suen vun de Bierger Politik vum Schäfferot gemach gin – Grossspuereg Sachen versprach gin, déi elo nët agehaalen gin – hei sin Heiser a Schäpp ofgerappt gin elo soll näischt kommen. Ëmmerhinn hun d’Pläng fir d’Maison Victor Hugo am Compte 2011 41.670.58 € kascht am Budget rectifié 2012 stinn 150.000,- € dran an am Budget 2013 stinn 200.000,-€. Dat mëscht en Total vun ronn 400.000,- € fir eng Maquette ze hunn, wou den Projet nie wärt realiséiert ginn.

Ass daat gespuert oder wat? 400.000 € fier näischt opweises ze hunn? Hei ass dem Wieler virun deWalen virun allem denen Altwieser Sand an d’Aen gestreet ginn an daat ass ganz einfach an d’Kategorie onseriös anzeklasséieren.

Mir als CSV Fraktioun lossen hei keng Entschëllegung gëllen. Wann de Projet elo ze deier ass dann war en och virun de Walen ze deier an dann muss de Schäfferot seng Hausaufgab viun de Walen machen an genee rechnen. Et mussen jo nët ëmmer nëmmen Prunkbauten sinn – hei anns do kann een mat wéineger Geld méi machen. Déi nei Gemeng hätt jo keng 18.000.000 € missten kaschten awer do sin d’Suen j nach völleg an genuch gewierscht. Op jiddefall heescht et an Zukunft oppassen wann Projeten besonnesch schéin mat Maquetten präsentéiert gin…. Bei der Reginalschwämm war etschon d’selwescht eng schéin Maquette an daat war et dann.

Mä vlächt kann een jo eng Kéier en Musée opmachen fier all déi Maquetten auszestellen, déi vun Projeten gemach gin sinn ouni datt se realiséiert goufen. Den Musée kënnt jo dann heeschen „Du jamais vu“.

 

11. Camping Badbëschelchen

Mä och de Projet „Badbëschelchen“ um fréieren Camping kënnt nët esou richteg an d’Gäng. Fier den Moment gläicht den Site éischter eng Bauschuttdeponie. Hei ass et héichst fragwürdeg ob oder ob nët iwwerhaapt eng Konzept kënnt an nach villméi fragwürdeg ass dann wann et do ass op et ëmgesaat gëtt.

Allerdings ass et dann ëmmer erëm erstaunlech wann dann am „méi fir eis Regioun“ –en Informatiounsblaat vun der DP Osten behaapt gëtt ech zitéieren Wuert wiertlech: „woran es dem Tourismus grundsätzlich fehlt: zusätzliche Anziehungspunkte im Freizeitbereich sowie der Ausbau und die effiziente Kombination bestehender Angebote in den diversen Tourismuskategorien.“ Dir Dammen an dir Hären vun der DP,hei hunn mir eng Gemeng,déi predestinéiert ass fir Tourismusprojeten ze realiséieren – klot nët mä macht eppes!

Aaner Projeten wéi d’Maison relais, d’Heichwaassermesuren, d’Pompjeesleeder, d’Neigestaltung vun der Synagogue, d’Kläranalag, d’Infrastrukturarbechten zou Altwies, déi  nei Gemeng – woumir zwar gespaant wievill se wirklech kascht wann all Arbechten färdeg sin wëll ech elo nët hei kommentéieren dës Projeten sinn jo nët wirklech nei.

Positiv hunn mir awer vermierkt datt am Budget den Veräinssschap zu Elleng opgelöscht ass en Punkt dien mir am CSV Wahlprogramm fannen an deenen aaneren Wahlprogrammen war daat nët dran.

Positiv fanne mir datt den synteteschen Terrain um Fussballstadion John Grün erneiert gëtt – d’CSV hat daat jo och an hierem Walprogramm an den Här Dublin huet dëse Projet jo och schon ageklot.

Positiv fanne mir et och datt elo en Lycee op Mondorf soll kommen – op d’Konzept mat der kombinéierter Schwämm sinn mir allerdings gespaant. Iwregens ass den Projet vun der Regional-Schwämm elo definitiv aus dem Budget eraus. Schued ass datt wat d’Neigestaltung vun der Entrée vun Mondorf bis elo näischt geschitt ass an datt och nom Budget 2013 nët vill wäerd geschéien.

 

12. Conclusiounen

Et wier nach vill ze soen awer ech wëll elo zum Schluss kommen. An och do kann een soen same Comment as every year:

Den Budget 2013 vun der Munnerëfer Gemeng ass keen groussen Cru – et ass en Budget vun der Ernichterung no den Gemengwalen vun 2011 wou am Vierfeld vun dësen Gemengewalen vill versprach gouf an elo wéineg reliséiert gëtt.

Mir vermëssen d’Nohaltegkeet an dësem Budegt  Stëchwuert Klimapakt  – Stëchwuert Doilesbuer wou en Ëmweltproblem einfach duerch d’Akaafen vun Drënkwaasser vertuscht gëtt

Mir vermëssen sozial Cohärenz Stëchwuert bezuelbaren Wunnraum, Mülltax an Allocation compensatoire pour Taxes communales

Mir vermëssen nach ëmmer eng kohärent Bautenpolitik an d’Opstellen vun engem Masterplang

Mir vermëssen Transparenz am Budget besonnesch wat den Sachverhalt vun der Ännerung vun der Duerstellung vun der Maison relais ubelangt, besonnesch wat d’Veräinssubsidien ubelangt wou sech zwar ëmmer op den Rapport vun der Subsidienkommissioun beruff gëtt wou deen awer nët derbäi lung

Mir vermëssen d’Aléisen vun den Verspriechen déi esouwuel virun der Gemengewalen gemet goufen an zum Deel och an der Schäfferrotserklärung

An last not least mir vermëssen enéierlechen Dialog mat allen politeschen Kräften hei am Gemengerot an prangeren déi ex cathedra Verurteelung vun der aanerer politescher Meenung wéi déivun der Schäfferotsmajoritéit un.

Déi bedriwen Politik fënd eis Ënnerstëtzung nët, obschon et eenzel Punkten am Budget gëtt, déi mir durchaus gudd fannen an och ënnerstëtzen.

Mir, d’CSV Fraktioun stëmmt dëse Budget nët.

Laisser un commentaire

  • (ne sera pas publié)