« PAP »-en an der Avenue Frantz Clément zu Mondorf

Positioun vun der CSV Fraktioun am Mondorfer Gemengerot

 

Villa Marie-Louise, Mondorf-les-Bains

Léif Kolleginnen a Kollegen hei ronderëm den Dësch,
Léif Leit alleguer,
 

D’CSV-Fraktioun huet sech schon virun de Wale vun 2011, wéi hei de punktuelle Changement vum Bebauungsplang an der Frantz Clément Strooss zur Diskussioun stoung géint déi vum Schäfferot virgeschloen Ännerungen ausgeschwat an esou mengen ech ass et net verwonnerlech, wa mir och elo déi obligat „PAP“-en kritesch ënnert d’Lupp huelen.

Eng éischt Remarque déi hei ze machen ass, ass datt Densitéit nach ëmmer zevill héich ass.

Ech well dru erënneren, datt d’Gemeng Mondorf am Kader vun der Landesplanung um Niveau vum Plan sectoriel als eng Gemeng „Complémentaire“ wou d’Evolutioun vun der Populatioun dann och moderat soll sinn definéiert gëtt. Aus deser Ursach gesäit d’CSV d’Noutwennegkeet net an datt mir bal duebel esou séier wuesse musse wéi déi national Moyenne am Land.

Mir sinn der Meenung, datt eng Thermalstaat, déi eenzeg hei am Land an dobäi och nach eng historesch Thermalstaat, wëll vergiesse mir net emt d’Joer 1900 huet de Puls vun der Zäit vum Lëtzebuerger Land hei zu Mondorf geschloen, d’Flugdeeg vun 1910 hei zu Mondorf sin en Zeie vun dëser Zäit. An déi historesch Zäit vun deemools schléit sech eben an der Architektur nidder.

D’Architektur an der Frantz Clément Strooss, der Haaptavenue vu Mondorf huet et verdéngt datt hei eng Bautepolitik gemeet gëtt, déi integrativ ass, déi Récksiicht hellt op déi bestoend historesch Architektur, an dat si keng Höhlen, mä dat sinn zum Deel „Stil“-heiser, déi an engem „Quartier existant“ stinn, wou d’Erhaale vum „Tissu Urbain“ eng Prioritéit soll hunn.
Bei der Architektur, déi hei am „Plan directeur“ virgeschloe gëtt ass dat awer nu wierklech nët de Fall.

Dëst ass elo eng méi generell Remarque awer un dem Erhale vum Gebäi Marie-Louise en Unikat fir eist Land gëtt et ganz konkret. Mir verstinn net firwat et net méiglech ass dësen Objet an en ëffentleche Projet anzebannen an hei eng Etikett fir Mondorf, en architektoneschen Iwwergank an den neie Quartier Brill esou ze gestallten datt déi heitesch Zäit mat der grousser historescher Vergaangenheet vu Mondorf ze verbannen.

Well vergiesse mir net, datt och nach nach eeler an erhalenswäert Beem hei „en cause“ si eng Gréngfläch, déi urbanistesch kënnt mat an e flotte Projet matagebonne gi. Mir hunn et schonn an der Walcampagne gesot, mir hunn et och beim Kommentar vun der Schäfferotserklärung gesot: Datt Gréngflächen sollte geschaafe gin fir déi iwweraus grouss Bautätegket vun deene läschten Joeren ze kompenséieren.

An dëst bréngt mech op e weidere Punkt, die mir hei vermëssen:

Et ass dat den sougenanntene Masterplang, die sech mat der Entwécklung vun Mondorf an deenen nächsten 10 an deenen nächsten 20 Joer an doriwwer eraus beschäftegt, dien ekologesch, die soziologesch, die verkéierstechnesch- a Mobilitéitsakzenter setzt.

D’Verkéiersetude vun 2006, déi mir an der Zwëschenzäit kritt hunn ass längst iwwerlieft.

Gemengerotsmemberen

En Parkingskonzept fir Mondorf kann och net d’Zerstéiere vun Parkingsméiglechkeete virgesinn, besonnesch ënnert dem Virzeechen, datt den Domaine thermale säi Parking net méi wëllt alle Parker zur Verfügung stellen.

Een den dat wat elo hei um Dësch läit gudd fënd kann dat jo stëmmen – mir sinn der Meenung datt eng moderat, eng biergerfrendlech- an eng Bautenpolitik, déi och deenen historeschen Begebenheeten, déi ékologesch an verkéierstechnesch Akzenter setze wëllt anescht ausgesäit.
 

Mir stëmmen déi zwee „PAP“-en net.

Laisser un commentaire

  • (ne sera pas publié)