Analyse Budget rectifié 2011 a Budget 2012

Stellungnahm vun der CSV Fraktioun:

1. Allgemenge Kontext

2012 wäert Joer vun den groussen Erausfuerderungen ginn.

Wann een bedenkt, dass Europa elo schonn am 5 Joer an enger Finanzkris ass, an dass een permanent an de Medien liesen kann, dass vill Länner an Europa iwwerschold sinn an spueren mussen, dann ass et schonn verwonnerlech festzestellen, dass d’Subsiden vum Zentral-Staat un d’Gemengen hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer weider erop ginn. Dat ass natierlech fir d’Gemengen eng positiv Saach, et muss een sech allerdéngs d’Fro stellen wéi laang dat wuel nach unhalen wäert.

Et ass dës weideren och keen Geheimnis, dass am Innenministère iwwert eng Reorganisatioun vun den Staatssubsiden un Gemengen zumindest emol nogeduecht gëtt. Vu, dass eis Gemeng säit der Ouverture vum Casino en speziellen Statut genéisst wat d’Staats-Subsiden ugeet hoffen mir, dass et net eng Kéier zu enger Ëmverdeelung kennt wou eis Gemeng schlecht ewech kennt. Mee ausschléissen kann een et leider net.

De Statec huet Wuesstemsprojektiounen fir 2012 am November 2011 vun 2,2% op 0,3% drastesch reduzéiert an eng Rezessioun kann een zu Lëtzebuerg 2012 net ausschléissen.

Mir sinn der Meenung dat eng virsiichteg Finanzpolitik wéi an der Circulaire No 2952 vum Ministère de l’Intérieur rekommandéiert, d’Haaptprioritéit muss sinn. Eng verbessert Optimiséierung vun eisen Finanzmëttelen ass dofir unzestriewen, virun allem bei groussen Projeten.

 

2. Analyse vum Budget rectifié 2011

Service ordinaire

Wat den Budget rectifié ubelangt, do stellt CSV fest, datt am Budget ordinaire, recettes ordinaires €506.000 erof ginn dat sinn 2,71% par rapport zum Budget initial 2011. Dépensen ginn par contre €523.000 erop, 3,79% par rapport zum budget initial. De Boni geet €1.029.995 erof, dat bedeit en Abroch vun 21% par rapport zum Boni vum Budget initial, wat enorm ass an virun allem a Hibléck vun schwieregen economeschen Zäiten.

Haaptursaach fanne mer ënnert dem Artikel 6344 Condamnations Judiciaires-Dommages, Interets et autres.

Gemeng Munneref ass an der Affaire Corcelli condamnéiert ginn an huet de 15.07.2011 Steiergelder vun €1.104.834 missen bezuelen eng enorm Zomm déi net budgetiséiert wor.

 

Folgendes ass ze remarquéieren:

Iwwert de Fong vun der Affaire ass säit Joeren vill diskutéiert ginn: Fakt ass Geriicht huet tranchéiert an Gemeng Munneref condamnéiert.

Dat ass eng batter Pëll fir de Steierzueler wann een bedenkt, datt méi wéi Halschent vun dëser Strof Zënsen sinn. Vill sozialen Projeten hätt een kéinten mat deem Geld realiséieren!

Mir sinn awer der Meenung, datt den Schäfferot 2011 an deem Dossier den Artikel 132 vum Gemengegesetz net applizéiert huet.

Den Artikel 132 vum Kapitel 2 De-l’exécution du budget vun der loi communale vum 13 Dezember 1988 seet explizit a mir zitéieren:

Si le moindre retard est de nature à causer un préjudice à la commune, le collège des bourgmestre et échevins peut, sous sa responsabilité, ordonnancer une dépense pour laquelle aucun crédit n’est prévu au budget, sous condition d’en donner sans délai connaissance au conseil communal qui y statue. La délibération afférente du conseil communal est soumise à l’approbation du ministre de l’Intérieur.

Dat bedeit, dat de Schäfferot dës dépense hätt missen sans délai noom 15.07.2011 am Gemengerot am Kader vun engem crédit supplémentaire, op den ordre du jour setzen fir doriwwer ofzestëmmen an net haut iwwert den Budget rectifié.

Dat huet de Schäfferot net gemaach an et ass politesch fir CSV inakzeptabel wéi de Schäfferot mat hirer Desinformatiounspolitik de Gemengerot behandelt an Gemengegesetz net applizéiert.

D’Urteel ass vun der Cour d’appel vum Zivilgeriicht den 23.03.2011 gesprach ginn. De 15.07.2011 huet Gemeng Condamnatioun vun €1.104.834 regulariséiert.

Am Gemengerot vum 1 August 2011, hätt dëse Punkt um ordre du jour missen figuréieren an bis haut 9 Januar 2012 ass näischt geschitt. Dann kann selbstverständlech och den Herr Innenminister keng Approbatioun zu der Délibératioun vun dëser dépense ofginn, wann de Gemengerot net doriwwer statuéiert.

Dat ass e Verstouss géint den Artikel 132 vum Gemengegesetz, dat sinn €1.104.834 Steiergelder an LUF ausgedréckt 44.568.893.

Et ass dann schonns erstaunlech, datt an der Gemengerotssëtzung vum 8 September 2011, um ordre du jour am Kader vun der Modifikatioun partielle vum budget ordinaire 2011, een crédit supplémentaire gestëmmt ginn ass. Nee, net fir iwwert Dépense vun €1.104.834 ze statuéieren mee fir iwwert en supplementaren credit vun €20.000 ze befannen am Kader vun der Rentnerfeier organiséiert vun der Kommissioun du 3ième âge, kuerz virum 9 Oktober 2011.

De Schäfferot hätt dat mol net bräichten ze maachen, wann am Kader vun der Budgetausschaffung fir 2011 de Subside fir Kommissioun vum 3 Alter einfach ëm €20.000 erhéicht ginn wier. Mee mir wëssen jo firwat dëst esou orchestréiert ginn ass.

De Schäfferot hätt och do, den 8 September 2011 Geléigenheet gehat datt de Gemengerot iwwert den crédit supplémentaire vun €1.104.834 statuéiert, wat net gemaach ginn ass, mee dat wor der Majoritéit ze no virum 9 Oktober 2011.

Service Extraordinaire

Um Niveau vun den Dépenses extraordinaires geet et haaptsächlech ëm d’Réalisation vun den Projeten vum Schäffenrot, ëm Infrastrukturarbeschten an d’Opkaafen vun Terrainen. Mir hoffen, dass den neien Schäffenrot beim Opkaafen vun Terrainen méi Succès wäert hunn wéi deen viireschten, well um Kont 2010 stinn op deem Posten sage und schreibe nemmen 30.859 Euro.

Den Budget Rectifié 2011 weist eis doriwwer eraus, wéi schonn déi Joeren virdrun, dass den Schäfferrot säin ugekënnegten Investitiouns-Programm bei wäitem net realiséiert kritt. Esou läit den Boni présumé fir 2011 bei 7,2 Milliounen Euro anstatt den ugekënnegten 171.000 Euro am Budget initial 2011. Et sin also fir 7 Milliounen Euro ugekënnegt Projeten an Arbeschten net realiséiert ginn.

2011 ass de Projet vun den Schoulhäff an Alentours fäerdeg gestallt ginn. Mir stellen do fest, datt den Terrain Multisports vill ze vill kleng ass. Dës weideren ass den Terrain esou ageengt duerch Realisatiounen vun engem Parking an engem Postlokal datt Jugend awer wierklech net an engem flotten Environnement hier Sportaarten ausüben kann. E kohärent Konzept geséit aneschters aus.

 

3. Budget 2012

Alles an Allem stinn am Budget 2012 vun eiser Gemeng Recetten an Subsiden fir 26,8 Milliounen Euro. Vu, dass laut den Prozeduren, en neien Emprunt och als Recette ze budgetiséieren ass, stinn am Budget 2012 vun der Munnerefer Gemeng insgesamt 27,7 Milliounen Euro un Recetten.

Service ordinaire recettes

Dee neien Schäfferot kann weider op steigend Recetten vum Zentral-Staat bauen. Esou ass den Impôt commercial mat 4,4 Milliounen budgetiséiert, ëmmerhin sinn dat 336.000 Euro méi wéi nach am Budget initial 2011. An d’Dotation vum Zentral-Staat geet am Vergläich zum Budget initial 2011 esouguer ëm 920.000 Euro erop. An och d’Casinostaxen sinn mat 4,7 Milliounen Euro ronn 100.000 Euro méi héich wéi nach 2011.

Projezéiert een deen Montant fir Legislaturperiod bis 2017, generéiert Gemeng Munneref €28,2 mio Casinosrecetten. Mir sinn doriwwer eraus iwwerzeegt, dass dem Casino seng Investitiounen vun deenen leschten Joeren seng Friichten wäerten droen wat fir eis Gemeng aus touristescher an finanzieller Siicht eng positiv Entwécklung duerstellt.

Mir begréissen dës Entwécklung an sinn der Meenung dat dës Recetten prioritär an zukunftsorientéiert an nohalteg Projeten investéiert solle ginn, eng Positioun déi CSV säit Joeren revendiquéiert, och wann Majoritéit dat net gären héiert an dann ëmmer nees freet op mir en Problem mam Casino hunn. Mir hunn keen Problem mam Casino, ganz am Géigendeel, mee mir revendiquéieren, dass d’Recetten vum Casino sollen prioritär an zukunftsorientéierten Projeten investéiert ginn.

Service ordinaire dépenses

Wann een den Budget rectifié 2011 em den Montant vun der Affär Corcelli berengegt, well dat ass jo eng eemoleg Dépense, dann kennt een op en Total vun den Dépenses ordinaires, also den lafenden Käschten, vun 13,2 Milliounen Euro fir 2011. Am Budget 2012 sinn déi lafend Käschten op 14,1 Milliounen Euro geschaat ginn, also ronn 893.000 Euro méi wéi am Budget rectifié 2011. Dat entsprécht enger Steigerung vun 6,7% zwëschent dem Budget rectifié 2011 an dem Budget 2012.

Do kann een nëmmen konstatéieren, dass d’Krise nach net bei eis an der Gemeng ukomm ass an dass nach net brauch gespuert ze ginn. Esou Steigerungen vun den lafenden Käschten sinn schonn an Net-Krisenzäiten als héich ze bewäerten.

Wat d’Personal ugeet, esou stinn am Relevé du Personnel Communal fir 2012 6 Leit à temps plein weider ewéi fir 2011. Mir liesen aus dem Budgetsdokument eraus:

1 Posten fir den Personalbureau
1 Posten fir den Bureau de la Population
1 Posten fir en Ëmweltberoder
1 professionellen Pompjee
1 Ingénieur oder Architekt fir den Service Technique

an een weideren Posten deen esouwuel an der Receptioun ewéi an der Recette an am Service Technique soll agesat ginn.

Déi nei Posten sollen awer net alleguer direkt besat ginn. Op der anerer Säit gëtt den Posten vun deem zweeten Agent Municipal bis op weideres net besat.

Wat d’Personalpolitik ugeet, kennen mir eis Meenung nëmmen widderhuelen, dass regelméisseg sollt eng Bestandsopnam gemaach ginn, wat déi eenzel Servicer un Ressourcen brauchen an wat hinnen momentan zur Verfügung steet. D’Resultat vun esou enger Etude weist dann ganz kloer wou et Defiziter ginn. Mat esou enger Etude, an der uviséierter Awounerentwecklung kann een dann och eng längerfristeg Projektioun vun den Besoinen um Niveau vum Personal maachen. D’Resultat vun esou enger Etude sollt sech dann an enger Aktualiséierung vum Organigramm vun den Gemengeservicer erëmspigelen.

Wann dann och nach d’Propositioun vun der Finanzkommissioun, där mir eng gutt Aarbecht bis 2017 wënschen, een Screening vun den ordinären Dépensen fir 2012 applizéiert gëtt, gesinn mir Aspuerpotential oder, fir et emol anescht ze nennen: wann een sech op d’Zuelen vum Kont 2010 baséiert gesäit een, dass nach Loft am Budget vun den dépenses ordinaires ass.

Service extraordinaire

Am budget extraordinaire sinn €20.692.000 virgesinn a mir hoffen datt Projeten méi séier exekutéiert ginn wéi an der Vergaangenheet.

Alles an Allem, ass den Investitiouns-Programm fir 2012 esou opgesat, dass den Budget am Equiliber bleift. Et steet zwar en neien Emprunt vun 900.000 Euro am Budget, mee wann een kuckt wéi den Schäfferot säin Investitiouns-Programm an deenen leschten Joeren realiséiert huet, kann een dovun ausgoen, dass eis Gemeng 2012, genee ewéi och 2011, wuel keen neien Emprunt opzehuelen brauch.

Bautepolitik

De neie Projet Traversée Frantz Clementstroos -route de Luxembourg-route de Remich begréissen mir an hoffen datt eis Thermalstiedchen doduercher valoriséiert gëtt an endlech deen vermëssten Cachet vun enger flotter an lieweger Thermalstadt erëm kritt.

Vill Suen, iwwert €20 Mio kascht dëse Projet woubäi Kanal an Waasserleitungen komplett erneiert ginn. Den Avant-Projet huet CSV den 5 Dezember 2010 am Gemengerot matgestëmmt. Souwuel Diskussiounen am Gemengerot, wéi och an der Informatiounsversammlung fir Bierger, wou de Projet presentéiert ginn ass, hunn gewisen datt de Projet net ausgeräift ass.

CSV huet konstruktiv Propositiounen gemaach: Enner anerem am Kader vun enger doucer Mobilitéit, Aféierung vun enger Vëlospiste an Propose vun engem feelendem Beliichtungskonzept, déi et fir eng Klimabündnisgemeng Munneref, erméiglecht Energie an esou CO2 anzespueren. Ëmwelt an de Budget ginn esou fir Zukunft manner belaascht.

Dem Schäfferot seng Urbanisatiouns-Politik am Kader vun privaten Projeten fanne mir allerdéngs net gudd. Do gëtt eiser Meenung no weiderhin ze dicht an ouni Konzept alles verbaut wat ze kréien ass an dat ouni dass Kompensatiounsmossnahmen geholl ginn. Do muss den Schäfferot vill méi eng aktiv Roll spillen, an net nëmmen dofir suergen, dass d’Awunnerzuel vun eiser Gemeng konstant erop geet.

Piscine

Am Budget 2012 sinn €15000 fir Piscine virgesinn. Dëse Montant ënnersträicht datt Majoritéit net un de Projet Piscine gleeft obwuel am Wahlprogramm an och an der Schäfferotserklärung de Projet Piscine awer vun der Majoritéit annoncéiert ginn ass.

CSV bedauert dës Entwecklung zudéiwst. Mir sinn der Meenung, datt eng Piscine eng wichteg Investissioun fir eis Gemeng ass, virun allem fir eis jonk an eeler Matbierger an

1. an där de Schoulsport kann ausgeübt ginn fir datt eis Schoulkanner net an Ausland fir de Schwammunterrecht mam Bus fueren mussen

2. déi eng touristesch Beréicherung fir Gemeng Munnerëf , de Kanton Remich an den Osten bedéit an esou Attraktivitéit vun eiser Gemeng substantiell verbessert

3. déi e flott Zesummeliewen vun allen Matbiergerinnen an Matbierger aus der Gemeng Munneref erméiglecht an wéi an der Schäfferotserklärung deklaréiert Kanner, Jugendlecher, d’Erwuessener an d’Senioren sech wuelfillen an Liewe esou Spaass mécht

4. déi verlouren historesch Traditioun vun 1896 oprecht ze erhalen, dat Joer wou zu Munneref déi éischt Piscine zu Lëtzebuerg amenagéiert ginn ass, an dat den Numm Mondorf-les-Bains an mir spezifizéieren mir nennen eis jo Bains endlech nees hier richteg Bedeitung kritt, Mondorf-les-Bains Synonym fir Erhuelung, Sport an Gesondheet

Dat sinn eis Argumenter fir e Bau vun enger Piscine an mir sinn der Meenung dat dëse Projet finanzéierbar ass. Selbstverständlech ass Prioritéit eng regional Piscine ze amenagéieren. Mee wann dëst leider net méiglech sollt sinn, kann Munneref dee Projet an enger reduzéierter Form exekutéieren. Et ginn vill Beispiller hei am Land déi et virgemaach hunn, Betebuerg kann een ernimmen, déi virun kuerzem fäerdeg gestallten Piscine zu Colmerbierg mat €11,3 mio budgetiséiert, ënnersträichen dat mer keng 20 Mio Piscine, wéi virun 6 Joeren vun der Majoritéit geplangt, mussen bauen.

E Boni vun €9,946 mio, jo dier huet alleguerten richteg héieren €9,946 mio, 400 mio aaler Frangen weist Gemeng Munneref als Boni an der Moyenne vun 2008-2011 un an dokumentéiert wéi finanzkräfteg Gemeng Munneref ass. De Boni entsteet wann Projeten retardéieren an déi budgetiséiert dépense eréischt Joer drop regulariséiert gëtt an wann nodréiglech eng budgetiséiert Recette erhéicht gëtt.

Dëse Boni, gëtt esou all Joër reportéiert fir nees an de nächsten Budget mat erafléissen an ënnersträicht och dat d’Exekutioun vum Budget vum Schäfferot ze wënschen iwwreg léisst an Fuerderung vun der CSV fir een serieuxen Plan Pluriannuel de Financement am Gemengerot ze presentéieren esou seng Berechtegung fënnt.

Mir wäerten eis weider fir de Projet Piscine an Zukunft vehement engagéieren.

Tourismus a Sport

Den Domaine Thermal a Casino sinn touristesch Attraktiounen, déi vill Leit an eis Gemeng unzéien. Doriwwer eraus, sinn mir der Meenung, dat Gemeng Munneref am Kader vun enger Tourismusdiversifikatioun an den doucen Tourismus misst investéieren. Dozou gehéiert ënner anerem Vernetzung vun Veloswéer, déi virgesinn sinn, a mir hoffen dat deen annoncéierten Projet och exekutéiert gëtt.

Par contre vermëssen mir Uléen vu historeschen Treppelwéeer déi een mat wéineg finanziellen Mettelen kéint aménagéieren. Iwwert Piscine ass schonns am Detail geschwat ginn an dréit och zu enger Valorisatioun vun der Gemeng Munneref bei, woubäi Geschäftswelt och kéint profitéieren.

Et ass positiv ze bewäerten, datt endlech um ale Site vum Camping “Bad Bechelchen” investéiert gëtt. Scoutscabanen, Abenteuerspillplaz an een Mountainbike skill course sollen do entstoen. Mir sinn awer der Meenung, datt Abenteuerspillplaz zentral zu Munneref sollt amenagéiert ginn, um Site vun der aler Piscine, an och, wann dëse Site een Staatsterrain ass, wier dat méiglech. Majoritéit hat jo virun 6 Joer och deen Site virgesinn am Kader vum 20 mio Projet Piscine.

Scoutshome gesinn mir beim Wouerbesch an mir sinn der Meenung datt wann mer an den doucen Tourismus investéieren wëllen, och een modernen Camping um Site “Bad Bëchelchen“ seng Platz misst fannen.

Zesummenaarbecht mat sämtlechen Akteuren vun Office National du Tourisme, Leader Miselerland, Schengen asbl an de Syndicat d’initiative vu Munneref sollten intensivéiert ginn mat dem kloeren Ziel den Tourismus an eiser Gemeng ze förderen.

Mir begréissen datt, an Sportinfrastrukturen investéiert gëtt. Eng zweet Sportshal soll an zone sportive et récréative gebaut ginn, wat mir och an eisem Programm proposéiert haten. Mir proposéieren awer och nach dobäi, dat Tennisterrainen mat integréiert solle ginn fir esou an der zone sportive eng komplett Offer kennen unzebidden.

Mir begréissen och de Bau vun der Maison Victor Hugo zu Altwies wou eng Musekschoul an Verainsraim wäerten entstoen.

Sozial an Ëmweltpolitik

An der Sozialpolitik hoffen mir, dat deen laang annoncéierten Projet vun Sozialwunnengen endlech realiséiert gëtt, vermëssen awer, dass eis Gemeng keng eegen Projeten ugeet fir selwer bezuelbaren Wunnraum ze schafen.

Wat Ëmweltpolitik ubelaangt, ass et och frappant, dass am Service écologique, der Rubrik 730 am Budget, mat engem Montant fir 2012 vun 38.100 Euro alt erëm nees praktesch näischt steet, an dat obwuel mir jo en gréngen Schäffen hunn. Mee dat wonnert eis jo net méi.

 

4. CONCLUSION

Als Conclusioun halen mir fest,

  • dass d’Staatssubsiden un d’Gemengen trotz Krise och 2012 weider erop ginn.
  • dass et eiser Gemeng et dobäi nach besser geet wéi villen aneren Gemengen, an datt duerch hiren speziellen Statut.
  • et sollt een allerdéngs net den Fehler maachen datt als en Acquis ze consideréieren, an weider op steigend Recetten ze spekuléieren.
  • doriwwer eraus vermessen mir weiderhin eng global an kohärent Bauten- an Tourismuspolitik.
  • dem Schäfferot seng Personal-Politik ass fir eis weiderhin net transparent an d’Informationspolitik kennt verbessert gin.
  • déi ecologesch an sozial Ausriichtung vum Budget ass fir d’CSV bei Wäitem Ongenügend.
  • an schlussendlech stinn am Buget Saachen déi mir net matgestëmmt hunn, respektiv net matstëmmen wäerten.

Aus deene Grënn stemme mir weder de Budget rectifié 2011 nach de Budget 2012 mat.

 

D’CSV Fraktioun am Gemengerot Munneref
Bichler Gérard Reuter-Groben Christiane
Conseiller CSV Conseillère CSV
Dublin Christian Rollmann Francis
Conseiller CSV Conseiller CSV