CSV Stellungnahm zum Gemenge-Budget 2018

PDF: Iwwerleeungen zum Budget 2018

Mat engem Iwwerschoss vun knapp 6,3 Mio. EUR am Uerdentlechen-Budget 2018 kann een roueg soen datt déi finanziell Situatioun vun der Gemeng Mondorf ausseruerdentlech gudd ass an datt d’Recettesäit vum ordinairen Budget mat engem Zouschoss vun 12,5 Mio. EUR aus dem Fonds de dotation globale des communes an de Casinostaxen vun knapp 3,9 Mio. EUR nët nëmmen eng gudd Stabilitéit opweist mä esouguer liicht no uewen weist.

Mir machen hei Abstraktioun vun denen knapp 1,8 Mio. EUR, déi d’Gemeng vum Educatiounsministère kritt fir Containeren fir den Mondorfer Lycée opzeriichten – et ass en duerchlaafenden Posten deen och fir 1,8 Mio. EUR op der Dépensensäit steet. Et giff eis awer interesséieren wou déi Containeren hinstoen kommen – wëll se einfach op déi gréng Wiss ze stellen an ufänken Schoul ze haalen – daat kënne mir eis nët esou direkt vierstellen.

Weider interesséiert et eis wéi wäit d’Verhandlungen mat den Propriétairen vun den Terrain‘en um Gremëlter fortgeschratt sin?

Déi finanziell Situatioun vun der Gemeng ass wéi gesot gudd a mir kënnen roueg d’Zukunft préparéieren an Mondorf als Thermalstaadt mat engem räichhaltegen Touristenugebued an als attraktiv Geschäftsstaadt an der Groussregioun positionnéieren. Mat deene allermeeschten Positiounen am ausseruerdentlechen Deel vum Budget hunn mir keen Problem an mir kënnen se och mat droen.
Allerdéngs hoffen mir datt nach en detailéierten Finanzplang fir dës Investitiounen nokënnt an datt d’Majoritéit eis Opschloss gëtt iwwert déi sëcherlech nët ze negligéierend Nofollechkäschten. Ëmmerhinn war et laangzäit d’Positioun vun der DP an „déi gréng“ fir sech géint beispillsweis den Bau vun enger neier Schwämm auszedrëcken.

Mir wëllen hei déi folgend Posten aus dem ausseruerdentlechen Budgetsdeel ernimmen, déi mir och ënnerstëtzen – et sinn daat:
• D’Neigestaltung vun der Frantz Clementstrooss mat 2,6 Mio. EUR
• D’Infrastrukturaarbechten fir den Lyçée mat knapp 2,4 Mio. EUR, déi mir jo och vum Educatiounsministère erëmkréien
• Den Kaaf vun weideren Terrainen am Sënn vum Uleeën vun enrger Réserve foncière mat 2,0 Mio. EUR
• Den Scoutschalet um Badbëchelchen mat 1,5 Mio. EUR
• Den Complexe sportif Gremëlter mat knapp 1,3 Mio. EUR
• D’Antihéichwaassermesuren mat knapp 1,0 Mio. EUR wann een d’Mauer laanscht d’Gander mat arechent
• D’Astandsetzen vun de Kierfechter an der Morgue zu Elleng mat 810.000 EUR
• D’Renovatioun an d’Mise en conformité vun den Gemengeneegenen Heiser mat 750.000 EUR
• An dann selbstverständlech och déi aner Infrastrukturaarbechten an Astandsetzungen vun deenen aneren Stroossen, besonnesch zu Altwies an zu Munnerëf, esou wéi och d’Schaafen vun neien Parkingen.

An dësem Kontext wëllen mir awer d’Ureegung ginn, ob et nët esou lues un der Zäit wier all déi Investissementer déi getätegt ginn an goufen mat Hëllef vun engem IFRS Bilan evaluéieren zu loossen, fir esou den Memberen vum Gemengerot an den Bierger dobaussen och am Sënn vun der Transparenz ze weisen, wéi wertvoll déi Investissementer an Infrastrukturen nach sinn déi an deenen läschten Jorzengten getätegt goufen. An Däitschland ginn et Gemengen, oder Kommunen wéi se déisäit der Musel soen, déi daat maachen geloss hunn, och am Sënn vun engem käschtendeckenden Waasserpräis, wou mir nach ëmmer fir en Waasserinfrastrukturfong plädéieren, deen een sech vum Intérieur selbstverständlech genehmegen misst loossen, deen awer den Virdeel hätt, datt een spéider noutwendeg Investitiounen an d’Waasser resp. Ofwaasserinfrastrukturen laangfristeg geplangt an firfinanzéiert hätt.

Am virleienden an ze diskutéiernden Budgetsprojet vermëssen mir awer och eng Rei vun Punkten, déi eis awer wichteg fir d’Zukunft vun eiser Gemeng schéngen. Et sinn dëst:

• D’Iwwerleeung fir en fixen Recycling Center ze bauen zesummen mat engem neien Service Technique
• D’Iwwerleeung fir mat enger grousser Abenteuerspillplaaz fir Munnerëf eng weider Attraktioun ze schaafen
• D’Iwwerleeung fir zesummen mam Domaine Thermal um Site vun der aler Piscine eng grouss Weieranlag ze plangen, déi esouwuel als Waasserréckhalteméiglechkeet wéi och als touristesch Attraktioun ziele kënnt
• En Konzept mat Mesuren fir eis Geschäftswelt nei ze beliewen an engem strategeschen Usaaz deen hier Emetzung zielführend giff beschreiwen
• En kommunalt Verkéierskonzept wat den reellen an zukünftegen Begiewenheeten – Stëchwuert Projet „Hinter der Kirch“ Rechnung dréit

Et sinn dëst alles Punkten, déi nët an engem Joer, vläicht och nët an enger Legislaturperiod realiséiert kënnen ginn, an duerfier ass et wichteg mat Zäiten unzefänken dës Iwwerleeungen ze maachen.
Mir hunn den „Pour“ an de „Contre“ analyséiert, an mir sinn zur Conclusioun komm, datt mir hei fir 2018 en Iwwergangsbudget virleien hunn, wou eng Reih vun gudden Usäz drann stinn wou awer nët all fir Mondorf wichteg Zukunftsorientéierungen dran stinn. Dovir hunn mir eis entscheed eis beim Vote ze enthaalen. De Budget rectifié 2017 stëmmen mir nët – mir hunn de Budget initial jo och nët matgestëmmt.
Sëcherlech ginn et elo Leit, déi mengen den Budget wier eis nët emol eng Nee-Stëmm wert gewierscht – et kënnt een et awer och positiv gesinn an soen d’Glas wier hallef voll.

Et kënnt ëmmer op déi politesch Absicht un wann een esou en Vote kommentéiert.
An deem Sënn ob eng gudd zukünfteg Zesummenarbecht.

Mondorf, den 14. Dezember 2017
CSV Fraktioun am Mondorfer Gemengerot

CSV Stellungnahm zur Schäfferotserklärung 2018-2023

PDF: Iwwerleeungen zur Schäfferotserklärung 2018

Fir d’éischt emol wëllen mir festhalen, datt et eng gudd Saach ass zu der Schäfferotserklärung kënnen Stellung ze huelen – mir gesinn daat als eisen Beitrag zu enger offener Diskussioun un, déi am Kader vun enger konstruktiver, also enger opbauender Oppositionspolitik gemaach gëtt.

Eng konstruktiv Oppositiounspolitik heescht fir eis net – an ech soen daat hei am Numm vun eiser ganzer Fraktioun – datt een alles gudd muss fannen wat d’Majoritéit hei an dësem Gemengerot proposéiert an dann och ëmsetzt. Eng konstruktiv Oppositiounspolitik heescht fir eis sech kritesch mat deem ausenaaner ze setzen wat de Schäfferot eis hei proposéiert, an dann un Hand vun Argumenter doriwwer ze befannen op een daat matdroen kann oder net.

Et ass iwwregens aus deem Undriff eraus, datt mir an deenen vergaangenen 6 Joer en groussen Deel vun eiser Oppositionsaarbecht op eegen Motiounen obgebaut hunn, déi weder polemesch nach parteipolitesch waren, an sech mat Themen befaasst hunn, wou mir konkret Virschléi gemaach hunn an och Conclusiounen gezunn hunn. Mir hunn wëlles déi Manéier bäizehaalen, fir eis Iddien hei am Gemengerot ze artikuléieren.
Wann de Schäfferot seet weider mat Häerz a Séil am Asaz fir eis Gemeng ze sinn – dann sinn mir déi, déi soen datt Häerz a Séil zwar ganz gudd a wichteg sinn, awer datt et besser ass wann de Kapp net vergiess gëtt.

An der Schäfferotserklärung sinn eng Rei vun Saachen drann déi mir sëcherlech matdroen kënnen, net nëmmen well se gudd sinn fir Munnerëf, mä och well mir se schon selwer proposéiert haten. Huele mir d’Beispill vun der Schwämm – hei hunn mir schon virun Joeren drop higewissen, datt et net konsistent ass sech Mondorf-les-Bains ze nennen, an keng Schwämm fir de „Grand Public“ ze hunn.
Huele mir en zweet Beispill – d’Beispill vum Lycée: War et net d’CSV hei zu Munnerëf, déi dës Iddi virun Joeren an de Gemengerot bruecht huet?

Huele mir d’Beispill vum Vélodrome, war et net d’CSV déi drun erënnert huet fir deen Bréif un de Sportsminister ze schreiwen fir d’Bereetschaft ze signaliséieren, datt Munnerëf prëtt wier fir den Vélodrome opzehuelen?

Huele mir d’Beispill vum Ausbau vun der Grondschoul – wien huet dann vun engem méiglechen Ausbau geschwart wéi den 12. Oktober 2014 d‘Motioun CSV 14/01 hei op de Gemengerotsdësch geluecht ginn ass.
Wien huet dann vun der Erweiderung vun den Öffnungszäiten vum Recycling Park geschwart – sie fënnt sech hei an der Schäfferotserklärung erëm – daat ass schéin – awer d’Emsetzung hätt längst gemeet kënnten ginn, wann d’CSV Motioun 15/08 net vun der Majoritéit ofgeleent ginn wier.

Allerdéngs fënnt d’Iddi vum mobilen Recycling Center eis Zoustëmmung net – mir sinn der Meenung, datt een als Klimapaktgemeng de Courage misst hunn fir en fixen, neien Recycling Park zum Beispiel op der Ellenger Gare opzeriichten. Am Kader vun der Kreeslafwirtschaft och nach „circular enconmy“ genannt, kënnt d’Gemeng Munnerëf eng Virreiderroll spillen, wou eben eng mei grouss Wichtegkeet op den Recycling vun de Matière première am Offall geluecht gëtt.

Dëst wier eng Mesure am Kader vun der nohalteger Entwëcklung, mat – ech zitéieren aus der Schäfferotserklärung: „Léisungen op laang Sicht, déi finanzéierbar sinn, zukunftsorientéiert Aktiounen an eng ëmweltbewosst an energieeffizient Attitude bei all de Projeeën vun der Gemeng Munnerëf.“
De Management vum fixen Recycling Center giff iwwregens an eng spezialiséiert privat Firma ausgelaagert ginn.

Wat d’Etuden fir en adaptéierten Service technique ubelaangen, sinn mir der Meenung, datt d‘Plaaz vum Cristal Mondorf net adäquat ass, wëll d’Ausbauméiglechkeeten fir den Service technique op dëser Plaaz éischter beschränkt sinn, an de Verkéier deen dës Aktivitéit mat sech bréngt, d’Verkéierssituatioun an Mondorf selwer zevill belaascht.

Hei sollt een eiser Meenung no kucken fir eng aner Léisung ze fannen an den Service technique zesummen mat dem fixen Recycling Center ze kombinéieren – well och déi technesch Servicer vun der Gemeng an d’Konzept vun der Kreeslafwirtschaft matagebonnen sollten ginn.

Mir liesen an der Schäfferotserklärung vill vun sozialem Wunnengsbau, Wunnengsbau a d‘Schafe vun Wunnraum fir jonk Famillen.

All déi Saachen, déi do dran stinn kënne mir matdroen – mir hunn se jo och an eisem Wahlprogramm stoen gehaat – awer mir froen eis op et net besser wier, all dës Iddien an Mesuren an d’Hänn vun enger kommunaler Baugenossenschaft ze leeën, wou d’Gemeng sech net selwer giff zevill belaaschten an awer kënnt d’Jalonen setzen fir eng zukunftsorientéiert Wunn an Wunnengsbaupolitik hei an der Gemeng.
Sëcher sinn d’Erfahrungswerter hei am Land fir esou eppes rar geséint, allerdéngs ginn et ënnert anerem an der Schwäiz Beispiller wou esou Genossenschaften funktionnéieren.

D’Gemeng bréngt d’Immobilien an d’Genossenschaft eran, kritt den entspriechenden Undeel um Kapital vun der Genossenschaft, déi dann d’Gérance vun den Immobilien an den Mietverträg iwwerhëllt.
Weider liesen mir an der Schäfferotserklärung vun Strossenarbechten an neien Parkingen zu Altwis an an der rue de la Gare zu Munnerëf. Sinn dëst wierklech nei Projeeën? Wuel éischter net. Mir sinn der Meenung, datt d’Gemeng Mondorf am allgemengen, an Duerf Mondorf am speziellen en Verkéierskonzept brauch, dat all déi Froen beäntwert, déi sech am Zesummenhang mat dem Projet „Hinter der Kirch“ stellen, déi awer och „Park and Ride“ Léisungen zu Mondorf, an ausserhalb vun Mondorf mataschléissen. Durch d’Bauaktivitéiten ass an den kommenden Joeren mat vill méi Individualverkéier ze rechnen.

Interessant ass an deem Kontext d’Iddi vun enger Buslinn, déi Stroossen wou keen Bus fiert mam Zentrum verbannen soll. Hei stelle mir eis allerdéngs d’Fro op dëst éischter en Komplement zu der Buslinn 180 soll ginn, oder ob hei un e Rufbus geduecht gëtt, wéi d’CSV en am Walprogramm stoen hat. Hei wier ze studéieren wat en Elektrobus bréngen kann.

Wat d’Kafen vun Geschäftsflächen ubelaangt – jo daat ass eng Iddi déi en gewëssenen Charme huet, et wir awer wichteg sech fir d’éischt dohinner ze setzen an sech Gedanken ze maachen, wéi eng attraktiv Geschäftswelt hei zu Munnerëf kënnt ausgesinn an wat un Geschäfter feelt fir d‘Attraktivitéit ze verbesseren.

Mir hunn dat an eisem Walprogramm mam Begrëff PACM – plan d’action commerce Mondorf stoen gehaat.

D’Verlounen vun Geschäftsflächen kënnt eng Mesure heivun sinn – aner Mesuren kënnten sinn wéi mir et färdeg bréngen erëm eng funktionnéierend UCAM op d’Been ze stellen, déi dann d’Interessen vun der Geschäftswelt hei zu Mondorf vertrëtt.

An dem PACM kënnten dann och Kritären an Konditiounen fixéiert ginn, fir d’Verlounen vun dësen kommunalen Geschäftsflächen. D’Verkéiers- an d’Parkingskonzept giff an dësem PACM selbstverständlech och eng wichteg Roll spillen. Mir kënnten elo nach vun enger Werbekampagne schwätzen, vun Elekro-Panneauen an vun der Zesummenarbecht am Kader vun Mondorf-Promotions. Wichteg ass datt et net eenzel Mesuren sinn, mä datt et en Gesamtkonzept gëtt wat mat Häerz an Verstand ëmgesaat gëtt.

Wat den Tourismus ubelaangt, hunn mir eis gefrot wat dann déi grouss Projeeën sinn, déi do ugekënnegt ginn. Eng Persoun eleng fir den Tourismusbüro an den Citymanager kënnen et jo wuel net sinn. Mir brauchen Investitiounen déi Munnerëf op d’Landkaart vun den touristeschen Attraktiounen bréngen.
Mir verstinn, datt d’Majoritéit et vermeid vun engem Camping ze schwätzen, an léiwer vun Parkingen fir Mobilhomen schwätzt. Spéitstens awer bei den Parkingsplaazen fir Ecokabannen schwätzen mir vun engem Eco-Camping, esou wéi en och an eisem Wahlprogramm steet.

Doriwwereraus mecht eng grouss Abenteuerspillplaaz, niewent enger gréisserer Weiheranlag – dat alles an Zesummenarbecht mat dem Domaine thermal – ganz vill Sënn an kënnt zu deenen groussen Projeeën am Beräich vum Tourismus gehéieren.

Déi folgend Punkten, wéi den PAG, de Patrimoine, d’Gärt, d’Koppeshaus, Sportshal, eng gedeckten Tennishal, eng Piscine an en Velodrome fannen selbstverständlech eis Zoustëmmung – mir haten se jo och an eisem Walprogramm stoen. Just eng Ureegung – wier d‘Koppeshaus net déi richteg Adress fir Art et Création? well dës Aktivitéit den Aktivitéiten vun dem Jean-Pierre Koppes ganz no kënnt – esou hätt een d’Séil vun deem Haus erhaalen.

Selbstverständlech giff sech hei och d’Méiglechkeet bidden, fir en ugemossenen Raum ze schafen, fir den prähistoreschen Griewerfond an eiser Gemeng der Öffentlechkeet mat enger permanenter Ausstellung ze presentéieren an kënnt esou zum touristeschen Aktiounsplang bäidroen.

Beim Velodrome sollt een drun denken fir eng Plaaz ze schafen, fir der Lëtzebuerger Sportsgeschicht, an de Lëtzebuerger am Top-Velossport, vum François Faber iwwert den Nicolas Frantz an den Charly Gaul bis zum Frank an Andy Schleck ze gedenken. Esou eng Plaaz giff national ewéi och international vill Leit op Munnerëf bréngen an kënnt ebenfalls zum touristeschen Aktiounsplang gehéieren.

Wat elo Elleng ubelaangt, do hunn mir d’Fro wat en Multifunktiounsraum an der Ellenger Schoul duerstellt, respektiv wat den „Lieu de rencontre“ am Kréiech Schapp ass?
Iwwert den Parvis vun der Ellenger Kierch ass genuch geschwart ginn – do ass deelweis mat Onwourechten geschafft ginn an duerfier wëll ech hei net wieder drop agoen.

Wat Transparenz an d’Bedeelegung vum Bierger, d’Emwelt an d‘Energie ubelaangt, do gëtt et net wierklech eppes Neies, an duerfir well ech och méi séier driwwer ewech goen.

En grousst Kapitel wat eiser Meenung no an der Schäfferotserklärung net ugeschwart gëtt ass d’Kapitel „Sëcherheet“. Et ass jo awer net esou datt d’Sëcherheet sech an deenen läschten Joeren verbessert hätt an datt hei keen Handlungsbedarf wier.

Wat ass dann aus deenen gudden Iddien ginn, déi nach virun den Chamberwahlen vun 2013 do waren, an wou en Opstocken vun den Police-Effektiver gefuerdert gouf?

An eng Reih vun aneren Froen wëllen mir bei dëser Geleeënheet stellen:
Wat ass dann aus den Verhandlungen ginn, déi mam Domaine Thermal gefouert goufen fir Terrainen vum staatlechen Besëtz an de Gemengebesëtz ze bréngen?

Wann an der Schäfferotserklärung vun Opfëllen vun de Baulücken geschwart gëtt, firwaat ass dann Motioun CSV 14/04, déi op den 8.Dezember 2014 datéiert ass, an genee dat gefuedert huet vum Schefferot ofgeleent ginn?

Wann mir vun dem Soziale Wunnengsbau am Rousebierg schwätzen, wéi vill Mondorfer, Alwieser oder Ellenger hunn dann do eng nei Wunneng kaft?

Wou ass dann deen Fitness Parcours am Wouerbësch, deen Géigestand vun enger weiser Motioun vun eis war an deen mir aus Respekt virum Jugendgemengerot hei net zur Ofstëmmung bruecht hunn?

Am Résumé kënnen mir soen, datt et eng Schäfferotserklärung ass déi eng Rei vun Elementer huet, déi mir sëcherlech matdroen wärten – aner Punkten – déi wesentlech fir eis sinn, feelen awer drann an verschidden Punkten missten an den kommenden Méint präziséiert ginn.

Ofschléissend e puer Wuert zur Zesummenaarbecht hei am Gemengerot. Och mir striewen eng gudd Zesummenarbecht un – am géigensäitege Respekt mat allen – an mir betounen mat allen Gemengerotsmemberen.
All Gewielten hei an dësem Gremium ass op eng demokratesch Manéier gewielt ginn an verdéngt duerfier eiser aller Respekt – an dat fuerderen mir och fir jiddereen vun eiser Fraktioun.

Mir lossen eis net auseneen dividéieren – Mir hunn den 8.Oktober zwar d’Wahlen verluer – eis Éier an eisen Zesummenhalt awer net.

Mondorf, den 13. Dezember 2017
CSV Fraktioun

Wahlprogramm 2017

100% ENGAGÉIERT FIR D‘GEMENG MUNNEREF

Mitteilung zu unserem Wahlprogramm
Das auf Seite 7 des Wahlprogramms der CSV Mondorf veröffentlichte Foto eines Wald-Kinderhorts ist als reines Beispiel eines Wald-Kinderhorts anzusehen.
Die Trägergesellschaft dieses Kinderhorts steht in keiner Beziehung zur CSV Mondorf und deren politischen Aktivitäten.

Celui qui sème trop de béton risque de récolter des inondations

Op de Punkt Oktober 2016

Mondorf–les-Bains, commune thermale en très forte expansion au niveau de la population, compte actuellement 5000 habitants et avoisinera probablement les 6000 à 6500 habitants d’ici 2020. Depuis des années, cette croissance est due principalement à la politique d’urbanisation menée par l’alliance DP/Déi Gréng, privilégiant exclusivement la construction de résidences en très forte densité – une politique que le CSV Mondorf déplore. Le projet Avenue Franz Clement, à nos yeux un projet de logements d’une densité exagérée et où une demeure historique, la Villa Marie Louise, a été la proie des bulldozers, illustre bien cette situation.

HW3Le CSV Mondorf n’approuve pas cette politique d’urbanisation, basée simplement sur une hausse continue de la densité de la population. Pour le CSV, l’absence d’un plan de développement urbain cohérent ou « Masterplan » pour la commune de Mondorf-les-Bains fait cruellement défaut.

Le 30 mai 2016, la commune de Mondorf-les-Bains a été lourdement touchée par des inondations, dont surtout Altwies et le centre de Mondorf-les-Bains, de la route de Luxemboug à l’avenue Franz Clement, du quartier Brill jusqu’à l’avenue des Bains. Devant l’ampleur dramatique des dégâts, un acte de solidarité salutaire s’est manifesté parmi les autorités communales, le service d’incendie et de sauvetage de Mondorf, secouru par d’autres corps de la région et épaulés par de nombreux bénévoles et habitants de la commune de Mondorf-les-Bains. Tous ont œuvré ensemble pour combattre l’inondation.

Les causes de cette inondation néfaste sont toutefois multiples : géographiques, géologiques et météorologiques. Néanmoins, il faut toutefois remarquer et souligner qu’une autre cause majeure de cette inondation est une politique d’urbanisation inappropriée, qui à comme conséquence une progression continue de l’imperméabilisation du sol. D’ailleurs, le quartier Brill , synonyme d’une zone très humide et marécageuse qui a été imperméabilisée il y a une dizaine d’années, a également été touché par les inondations.

La responsabilité de cette politique d’urbanisation irréfléchie incombe au DP/Déi Gréng – une politique dénoncée depuis des années à de nombreuses reprises au conseil communal par le CSV Mondorf. Nonobstant, cette politique continue de plus belle par des nouvelles constructions d’envergure démesurée, qui surgissent du sol surtout au centre de Mondorf-les-Bains.

HW4Certes, 12 mesures anti-crues Gander ont été décidées et approuvées par le conseil communal depuis le 14.12.2009 – des mesures vitales dont la réalisation se fait attendre. Ainsi, à notre grand mécontentement uniquement 2 mesures ont été réalisées à ce jour – une situation que nous avons dénoncée lors de nombreuses discussions budgétaires au conseil communal.

Le regard doit toutefois rester tourné vers l’avenir, les priorités absolues à effectuer dans l’immédiat sont la réalisation de toutes les mesures anti-crues le plus rapidement possible, dont aussi des curages réguliers de la Gander et l’élaboration d’un plan de secours et de sauvetage d’inondation détaillé. Finalement, les inondations du 30 mai 2016 ont clairement démontrée que l’imperméabilisation de plus en plus de surfaces sans mesures compensatoires augmente nettement le risque d’inondations. Pour le CSV Mondorf, il est clair que la politique d’urbanisation de l’alliance DP/Déi Gréng reste irréfléchie et non adaptée aux particularités de notre commune.

Christian Dublin

Conseiller communal

Petit historique des inondations

Op de Punkt Oktober 2016

Les inondations à Mondorf existent depuis toujours. La plus grave fut celle de 1708. Suite à un vilolent orage, qui s’est abattu sur le territoire de notre commune au mois d’août, de nombreuses habitations construites le long de la Gander furent emportées par les flots, causant d’immenses dégâts et entraînant avec eux 24 personnes dans la mort.

HW2Ces dernières décennies on a pu observer une inondation majeure tous les 10 à 15 ans, notamment en 1977, 1987 et 1995.

Ces inondations s’expliquent en grande parie par la situation géographique de Mondorf. L’eau pluviale qui s’accumule au niveau du plateau de Frisange est drainée par la Gander vers la vallée entre Aspelt et Altwies. La Gander se mue alors d’un paisible ruisseau de plat pays en rivière de montagne, avec une vitesse d’écoulement beaucoup plus importante.

En plus, en temps de crue, la Gander entraîne beaucoup de bois mort et d’arbres déracinés en provenance de la forêt entre Aspelt et Altwies. Ce bois tend à boucher les arcs de l’ancien pont d’Altwies. Et quand un tel bouchon saute, l’eau descend en aval avec une vitesse considérable.

Pour cette raison, les anciens habitants de Mondorf curaient régulièrement le ruisseau et en retiraient le bois mort. Une habitude digne d’être réinstaurée.

Mesures anti-crues adoptées en 2009 par le conseil communal

Op de Punkt Oktober 2016

Au cours de la séance du conseil communal du 14.12.2009, 12 mesures anti-crues ont été décidées à l’unanimité des voix, donc avec le support du CSV:

O = mesures réalisées entre 2009 et 2016

O = mesures non réalisées

A  = Altwies

M = Mondorf

O M mesure no 1:          Aménagement d’un by-pass à ciel ouvert derrière le parc thermal

O M mesure no 2:         Elargissement du lit de la Gander entre l’entrée du centre thermal et le pont près de la pharmacie

O M mesure no 3:         Elargissement du lit de la Gander entre le pont près de la pharmacie et le pont près de l’allée St. Christophe

O M mesure no 4:         Elargissement du lit de la Gander entre le pont près de l’allée St. Christophe et le pont de l’ancienne Douane

O M mesure no 5:         Aménagement d’un by-pass entre le pont de l’ancienne Douane et la station « Aral »

O A mesure no 6:          Elargissement du lit entre les deux ponts d’Altwies

O A mesure no 7:          Abaissement du parking à Altwies

O A mesure no 8:          Elargissement du lit en aval d’Altwies

O A mesure no 9:          Enlèvement des remblais rive gauche

O M mesure no 10:        Elargissement du lit de la Gander à l’entrée de Mondorf

O A mesure no 11 :       Bassin de rétention à Altwies

O M mesure no 12 :       Mise en place d’un piège à sédiments

Jusqu’à présent seulement deux des mesures décidées en 2009 ont effectivement été réalisées. Certes, certaines mesures sont difficiles à réaliser, comme elles empiètent sur des terrains privés. Mais uniquement deux mesures réalisées depuis 2009 est décevant. D’autres mesures, comme le curage régulier de la Gander, seraient également efficaces et peu onéreuses, mais ne figurent pas à l’ordre du jour du collège échevinal DP/Déi Gréng.

Inondations – Le curage comme mesure de protection

Op de Punkt Oktober 2016

Le 30 mai 2016 est une journée qui a été marquée par les intempéries – Altwies et Mondorf n’en ont pas été épargnées. Les interventions des pompiers se sont poursuivies jusqu’au petit matin et les habitants se sont solidarisés pour combattre ensemble les flots.

HW1bLes risques d’inondations n’étant pas nouveaux dans notre commune, il est grand temps de mettre en œuvre des solutions efficaces et durables. Pour le CSV Mondorf-Dalheim, le curage pourrait en être une.

Le curage est une mesure anti-crue qui consiste à extraire régulièrement les sédiments, le bois mort et les éboulis du lit d’un cours d’eau pour diminuer les risques d’un débordement en cas de crue. Ainsi, il ne paraît que logique de nettoyer le lit de la Gander régulièrement de sédiments, de pierres gênantes et de bois mort.

Le curage doit évidemment se faire sur toute la longueur de la Gander, tout en préservant les espèces végétales. Cette mesure demanderait ainsi une coopération entre les communes de Frisange, Mondorf-les-Bains, Mondorff, Dalheim et Schengen. Il revient bien sûr aux responsables des communes concernées de mettre en œuvre un tel projet – ce qui ne se fera évidemment pas du jour au lendemain.

Mais la journée du 30 mai a démontré qu’il est grand temps d’agir !