Virgäng ëmt d’Nëtapplizéieren vum Artikel 132

Stellungnahm vun der CSV Fraktioun Gemeng Mondorf zu den Virgäng ëmt d’Nëtapplizéieren vum Artikel 132 vum Gemengegesetz duerch de Schäfferot am Kader vum Bezuelen vun der Strof am Urteel „Metra“-Corcelli/ Gemeng Mondorf

 

Léif Kollegen hei ronderëm den Dësch, léif Leit alleguer,

Am Numm vun der CSV Fraktioun am Mondorfer Gemengerot wëll ech Positioun bezéien zu den Virgäng, déi eis motivéiert hunn un den Här Innenminister ze schreiwen an d’Viergehensart- a Weis vun eisem Schäfferot sief et dem Schäfferot vun virun den Walen vum 9. Oktober 2011 oder dem dien no den Gemengewaalen sech konstituéiert huet, ze kritiséieren.

Well d’Verantwortung vun deenen zwee Schäfferéit ass engagéiert.

D’Verantwortung vum Schäfferot virum 9. Oktober 2011 ass engagéiert wëll en d’Gemengegesetz violéiert huet an Ausgaben getätegt huet déi nët vum Gemengerot autoriséiert waren, déi nie esou um Ordre du jour stungen an wou déi noutwënneg Awellegung vum Gemengrot och nët nogeholl ginn ass.

Ech daarf erënneren wat den 21. Juni 2011 um Ordre du Jour vum Gemengerot stung:

Ënnert dem Punkt 2 vum Ordre du Jour ass dem Gemengerot viirgeluecht gin: „Autorisation pour ester en justice“.

 

No dem Opzielen vun den Urteeler vum 11 Juli 2001 an dem 23. März 2011 huet et geheescht:

Le collège échevinal propose d’introduire recours en cassation contre les arrêts susmentionnés de la cour d’appel.

Et stung also nët zur Debatt ob d’Strof vun 1.1 Milliounen sollt bezuelt gin oder nët – en Betrag, eng Strof, eng Depense, déi sech praktesch zur Hallschent aus Strofzënsen zesummen gesaat huet.

Dës Strofzënsen sin zum Deel vun deem Schäfferot ze veräntwerten, wëll hien d’Geriischtsprozedur onnëtz verlängert huet an de Gang iwwert den Correctionnel gewielt huet fir der Firma Corcelli en „Faux en écriture“ unzehänken.

Dëst wier nët noutwënneg gewierscht wëll d’Urteel vum Mee 2005 haat d’Gemeng zwar zum Schuedensersaatz veruerteelt awer der méi heiger Fuerderung vun der Firma Corcelli nët zougestëmmt.

Wier 2005 den Schuedensersaatz bezuelt gin wieren eis als Gemeng hei ronn 180.000 Euro Strofzënsen erspuert bliwwen.

D’Verantwortung vum neien Schäfferot, dien sech no den Gemengewalen zesummen gesaat huet ass an dem Sënn engagéiert, wëll en en Betrag an de Budget rectifié 2011 gesaat huet dien nët vum Gemengerot autoriséiert war.

 

Daat wat awer de kombel war ass, datt bei den Budgetsdebatten vum 9. Januar 2012 dunn vum Schäfferot gemach ginn ass, wéi wann d’Handelen vum Schäfferot mam „Intérieur“ beschwart an ofgestëmmt ginn wier.

Eng Ausso, déi ganz kloer falsch war.

Well fierwat geet de Schäfferot hin an en schreiwt dem Innenminister, den 17. Januar 2012 also 5 Deeg no den Budgetsdebatten en Bréif an dem hien sech rechtfertegt an ech zitéieren aus dem Här Innenminister sengem Bréif:

« le collège des bourgmestre et échevins décrit les circonstances ayant entouré l’ordonnancement du 15 juillet 2011 de la dépense à hauteur de um million quatre vingt douze mille cinq cent soixante sept Euro et 80 cents (1.092.567,80 EUR) à titre de dommage et intérêts suite à la condamnation en matière civile par la Cour d’Appel de et à Luxembourg. »

En deen am Vierfeld d’Saach ofgeklärt huet brauch sech herno nët ze rechtfärdegen.

 

Bleiwt dann d’Fro no den Hannergrënn firwaat d’Bezuelen vun der Strof nët méi an de Gemengerot koum. An do ass d’CSV-Fraktioun der Meenung datt daat eppes mat der Walkampagne vum 9. Oktober 2011 ze din haat.

Dir Dammen an dir Hären vun der Majoritéit hei sollt d’Wourecht esou kuerz virun de Waalen vertuscht gin.

Iwwregens war et 2005 esou, datt hei och d’Urteel vum Schuedenseraaz am Fréijoer 2005 koum an datt et eréischt no den Wahlen vum Oktober 2005 hei am Gemengerot zur Sprooch koum.

D’Viergehensart- a weis vun eisem Schäfferot huet also System wat am krassen Geigesaaz vun der Schäfferotserklärung steet, déi mir eis hei unhéieren hunn wou et ënnert dem Kapitel Transparenz heescht, ech zitéieren aus der Deklaratioun vun der Madame Nagel:

Folgend Leitlinnen wäerten eis an eisem ganze politeschen Handelen an allen Beräicher leeden

  • eng Informatiounsorientéiert Gemengepolitik, déi gutt, zeitaktuell a biergerno communiquéiert
  • déi dem In formationsrecht vum Bierger Rechnung dréit
  • déi den Austausch tëscht Generatiounen, Nationailitéiten an alle Bevölkerungschichte fördert an esou de soziale Zesummenhalt an der Gemeng stäerkt.

Schéi Wieder! Eis schéint et mir hunn et hei mat engem Schäfferot ze dinn, deen et nët mol färdeg bréngt seng Conseillieren gutt an zeitaktuell ze informéieren.

 

Interessant am Bréif vum Innenminister ass awer och déi Passage wou den Innenminister sech wonnert datt am Budget 2011 keen Posten viergesinn war fier déi Stroof, vun deër mir hei schwätzen, do ofzedecken.

Also datt mir eis hei richteg verstinn, et ass keen deen verlaangt hätt hei den geneeën Montant am Budget ze nennen mä en Budgetsartikel, dien der Realitéit Rechnung dréit datt d’Bezuele vun dem Schuedensersaatz eminent ass.

E Schäfferot, dien seng Dossieren am Grëff huet muss esou Sachen transparent machen.

Mir als CSV Fraktioun hunn x mol op dëse Mëssstand bei den Budgetsdebatten hin gewiesen. Et war ëmmer och mat en Grond firwaat mir de Budget nët gestëmmt hunn. Hei gouf eis dann Populismus viegehäit.

Dir Dammen an dir Hären vun der Majoritéit:

  • den Populismus huet Dir gemach doduerch, datt Dir nët am Stand wart virun de Walen den Awunner vun Mondorf d’Wourecht iwwert d’Affär Corcelli ze soen.
  • De Populismus macht Dir all Kéiers dann wann der aaner Leit verantwortlech macht fier Äer Onzoulänglechkeeten,
  • den Populismus bedreiwt Dir wann der vun enger virsichteger Finanzpolitik schwätzt an d’Suen mat der Schëpp eraus geheit fier Ären Image dobaussen ze opzebauen an ze pflegen.

Oder fällt Iech nët op datt bei deenen Sachen, déi vun der Gemeng bezuelt gin an déi fier den groussen Public dobaussen sin, bei der Organisatioun de Wee iwwert d’berodend Kommissiounen gewielt gëtt, déi dann organiséiert an par Hasard just nëmmen de Schäfferot invitéiert an déi aaner Memberen vum Gemengerot nët.

Grad wéi wann déi jeweileg Gemengekommissiounen en Club wieren, déi näischt mat dem Gemengerot an dem Schäfferot ze din hätten.

Mir mussen eis hei mol iwwerleeën ob mir nët hei en Dossier färdeg machen an der Organisation Transparency International daat viirleeën. Dann huele mir eis do mol en Avis eran fier ze kucken wéi et mat den Welcomesfeieren fir nei Awunner an der Gemeng stäet oder Seniorenfeieren wou déi Leit aus dem Gemengerot regelmässeg offensichtlech nët erwënscht sinn.

 

Nach ee Wuert zur Berichterstattung an der Presse Ami vum Schäfferot.

Ech hunn mir de Bericht hei nach eng Kéier ugekuckt wéi en am Januar 2012 publizéiert gouf.
Hei war tatsächlech riets vun „haltlosen Vorwürfen“ vun „großen Keule“ an deersgläichen méi, wéi den Här Dublin d’Viergehensart- a weis vum Schäfferot kritiséiert huet.

D’Press soll jo onofhängeg sin oder nët?

Wéi ass et déontologesch ze vereinbaren, datt dien Journalist, dien hei d’Berichter iwwert de Gemengerot schreiwt an enger Rei vun Gemengekommissiounen hei zou Mondorf fir DP setzt.

Mir hunn eis Zweifel ob een hei vun Onofhängegkeet kann schwätzen.

An dir Dammen an Hären vun der Majoritéit, wann een esou Seilschaften opbaut dann brauch een nët iwwert „Op de Punkt“ vun der CSV Munneref-Duelem hierzefaalen dann huet een genuch negativ Schiedpunkten wat Transparenz an Eierlechkeet ubelaangt.

Et kann een dann roueg virun der eegener Dir kieren, d’Schëpp gëtt dann voll genuch et brauch een de politeschen Matstreider nët an de Mond ze huelen.

Mä alles léisst sech änneren et muss een just wëllen ob de politesche Wëllen awer do ass fier et ze machen daat waerte mir an der Zukunft ganz genee ënnert d’Lupp huelen.

Wann mir kucken wéi d’Majoriteit mat eiser Fraktioun verfuer ass, wéi iwwert d’Syndicater ofgestëmmt ginn ass dann hunn mir ganz seriö Zweifelen datt sech eppes zum positiven ännere wäert.

Ech fannen et jhust hypocritesch wann politesch Gruppen wéi déi déi am Schäfferot sëtzen hei am Land iwwert den CSV-Staat schwätzen.

 

Nach en läscht Wuert mir hoffen datt mir et nët drop ukommen lossen mussen an wéi den Här Innenminister an sengem Blâme un de Schäfferot ugedeit huet den Artikel 41 oder den Artikel 63 wegen wiederholtem Missbrauch mussen an Erwägung zéien.

 

Fir CSV Fraktioun Gemeng Mondorf

Gérard Bichler

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)