Nom Gemengerot vum 5 Dezember huelen ech am Numm vun der CSV Fraktioun Stellung zur Schäfferotserklärung.
De Schäfferot huet sech en ambitieise Programm fir déi nächst 6 Joer ginn. E Programm deen an etleche Punkte mam Programm vun der CSV iwwerenee stemmt; allerdéngs ass déi gréng Handschrëft an der Schäfferotserklärung relativ blatzeg ausgefall a beschränkt sech op guddklengend Wieder wéi Nohaltegkeet, Energieeffizienz a Klimafrëndlechkeet. Konkret Initiativë sinn awer rar geséint.
Besonnesch am Dossier Urbanisatioun – Wunnraum a Verkéier
berouegt et eis net wann einfach an der Schäfferoterklärung steet „Wunnengsbauprojet’e laanscht Frantz Clément Strooss vu private Propriétairen ënnerstëtzen“. Wann ee bedenkt, datt de Gemengerot am Fréijoer eng Ännerung vum PAG Mondorf gestëmmt huet, déi e méi en dicht Bauen hei erlaabt steet dat am Géigesaz zu eiser Meenung, datt den Zentrum vu Munneref net zevill kompakt soll verbaut ginn. Fräiraum soll erhale bleiwen sou wéi dat sech fir eng attraktiv an touristesch Thermalstat vun eiser Gréisst gehéiert.
Eiser Meenung no sollt den Bebauungsplang vun Mondorf a Richtung Masterplang fir eis Thermalstat erweidert gin wou niewend dem reng techneschen, baulechen och soziologesch Aspekter beliicht an eng laangfristeg Zielorientéierung vun eiser Thermalstat mat aschléisse fir ze verhënneren, datt mir zukënfteg mussen iwwert e Baustopp ofzestëmme wéi haut am Millewee wou et dann op emol an der Begrënnung heescht:
La réglementation actuelle de cette zone engendre une densification excessive du quartier causant des nuissances d’accès mais aussi de destruction du patrimoine historique et du caractère de la rue.
Hei vermësse mir eng kloer Bautepolitik a virun allem eng „gréng“ Handschrëft.
Doriwwer eraus kennt vun 2013 un e Mammut Projet op eis zou. D’Erneierung vun der avenue Frantz Clement, der Route de Remich an der Route de Luxembourg. De 5. Dezember 2011 hun mir den Avant-projet hei am Gemengerot matgestëmmt. Mir sinn allerdéngs der Meenung dass e Chantier vun 4 Joer d’Awunner virun eng grouss Gedoldsprouf an d’Commercë virun existenziell Problemer stellen dierft. Dofir sollt alles dru geluecht gin fir déi Aarbechten, wann nëmme méiglech, méi schnell ze realiséieren. Des weideren, hoffe mir, dass de Schäfferot seng Ukënnegung anhält, endlech d’Stroossennetz am Zentrum vun Altwis erneiert, well do ass groussen Nohuelbedarf. Och sollt d’Gemeng onbedengt Bauland kafen, an esou Reserven unleeë fir zukënfteg Projeen realiséieren ze kennen.
An deem Zesummenhang begréisse mir et, dass den Schäfferot Terraine fir jonk Famillen am Lotissement ‘Hinter der Kirch’ reservéiere well. Och am Kader vum soziale Wunnengsbau wëllt de Schäffenrot sech engagéieren. Trotz dësem positive Punkt hätte mir eis gewënscht datt de Schäfferot sech och am Beräich vum bezuelbaren Wunnengsbau quantitativ Zieler gesat hätt, déi iwwerpréift gin kënnten. Zum Beispill vun alle genehmegten Neiwunnengen sollt e gewëssene Prozentsaz an de Beräich vun den Initiativë fir e bezuelbare Wunnraum falen.
De Schäfferot kënnegt eng Park & Ride Léisung un. Dat ennerstëtze mir selbstverständlech, et stoung jo och an eisem Walprogramm. Mir fuederen doriwwer eraus e kohärent Konzept fir d’Parken an der ganzer Gemeng wat d’Aféierung vun enger Vignette Résident mat aschléisst.
Och sin mir der Meenung dass en Rufbus – fir déi eeler Leit mee och fir d’Kanner – déi zum Beispill an der Maison Relais sinn, an op den Fussballserrain oder a Musekschoul goe wëllen – eng gudd Iddi wär.
A punkto Verkéiersplanung get et och nach munches ze maachen. Esou ass d’Verkéierskonzept fir de geplangte Lotissement Hinter der Kirch net ausgeräift. Eng Neigestaltung vun der Entrée vu Mondorf, sou wéi vum Schäfferot annoncéiert, stoung och bei eis am Walprogramm. Mir sinn do op dem Schäfferot säi Projet gespannt.
Wéi an eisem Walprogramm annoncéiert, bleiwt de Bau vun enger regionaler Piscine an eiser Gemeng fir eis eng absolut Prioritéit. Leider musse mir feststellen, dass et säit 1999 fir de Schäfferot keng allzevill grouss Prioritéit ass fir eng nei Piscine ze bauen. De Käschtepunkt als Erklärung ass dobäi eng schlecht Excuse, wann ee bedenkt, dass alleng an der leschter Legislaturperiod iwwert 27 Milliounen Euro Recettë vum Casino era komm sinn. Dat wär méi wéi duer gaange fir eng Piscine ze bauen.
Wat d’Schoul an d’Kannerbetreiung ubelaangt
sou stin mir natierlech och fir eng Extensioun vun der Maison Relais, och wa mir der Meenung sinn, dass déi vum Schäfferot gewielten Architektur net op d’Plaz vun der aler Gemeng passt.
Mir sinn och der Meenung, dass d’Unzuel vun de Plazen an den Crèchen der Nofro entsprieche muss, a wann d’Demande méi grouss ass wéi d’Offer, da mussen d’Crèchen erweidert ginn. Hei wier d’Ureegung ze machen, datt um Gebitt vun der Gemeng Mondorf eng Erhiewung sollt gemach gin fier de Besoin vun der Kannerbetreiung besser aschätzen ze kënnen. Och sollt iwwert d’Kooperatiounsméiglechkeeten zwësche Maison Relais, Crèche an Daageselteren nogeduecht ginn.
En anere Punkt, wou de Schäfferot eiser Meenung no nach eppes ännere muss sinn eis Schoulweeër, well do ginn et nach emmer geféierlech Plazen. Schued ass et datt an der Schäfferotsreklärung kee Wuert iwwert den Asaz vun engem Pedibus steet dien an anere Gemenge wéi z.B. Hesper ganz gudd funktionéiert.
Mir begréissen d’Ukënnegung fir a Richtung Kannergemengerot Initiativen ze huele froen eis awer wéi et mam Jugendrot ass, die mir viru Joere proposéiert hunn – eng Propose, déi beim vireschte Schäfferot zumindest net direkt ofgelehnt gouf.
Am Kulturberäich huet d’CSV
de Projet vun der Maison Victor Hugo zu Altwis vun Ufank un matgestëmmt, genee esou wéi d’Restauratioun vun der Synagog zu Munneref.
D’Kierchen an eiser Gemeng hunn en héigen architektoneschen an kulturelle Symbol-Charakter a mir sin frou, dass de Schäfferot doran investéiere well. D’Renovatioun vun den Fassadë vun de Kierchen stoung iwweregens och an eisem Walprogramm.
Mir begréissen, datt am Kader vu Bierger- a Kulturhaus e Musée soll ageriicht ginn – och am CSV Walprogramm hu mir eis fir esou eng Initiativ staark gemaach, mir bedaueren awer datt d’Iddi vun enger kommunaler Geschichtskommissioun nët berücksichtegt gouf, déi eng koordinéierend Roll bei der Beliichtung vun der historescher Vergaangenheet vun der Gemeng Mondorf hätt kënnen iwwerhuelen.
Am Beräich Veräiner, Fräizäit a Sport
ënnerstëtze mir selbstverständlech de Bau vun engem Home fir d’Scouten, allerdéngs net onbedengt um ale Campingsterrain wëll eiser Meenung no op deem Site prioritär an den allgemengen Tourismus misst investéiert ginn. Mir gesinn esou en Scouts Home éischter beim Wouerbesch.
Wat d’Sportsinfrastrukturen ubelaangt proposéiere mir datt en detailléierte Plang fir d’Zone sportive et récréative soll opgestallt gin mat allen zur Zäit ofzegesinnen Projeten. Et kann ee selbstverständlech net alles matenee machen duerfir ass eiser Meenung no d’Festleeën vu Prioritéite wichteg. Hei gesi mir an éischter Linn emol eng nei Sportshaal, well hei ass Demande vun de Veräiner besonnesch grouss. Am direkten Ëmfeld vun esou enger neier Hal sollten dann och Tennisterrainen entstoen.
Doriwwer eraus ass de Fräiraum an den Dierfer fir eis Jugend ze kleng. E gudd Beispill ass den Terrain Multisports bei der Schoul, dee vill ze vill kleng ass, wat ëmmer nees zu Streidereien tëschent de Jugendleche féiert. Hei wär et ubruecht, dass de Schäfferot Mesuren ergräift fir dat ze änneren.
Mir schléissen eis dem Schäfferot senger Meenung un, dass all Form vu Bénévolat an der d’Gemeng muss honoréiert ginn, an datt ee selbstverständlech enk a gudd Kontakter mat de Veräiner fleege soll. Hei ass d’Fro ze stelle wéi et mat dem Festleeën vun de Kriterie fir d’Veräinssubsidien ass, déi schonn en etlech mol ugekënnegt gouf. Eiser Meenung no wier hei d’Méiglechkeet ginn fir d’Initiativen am Beräich vun der Jugendaarbecht an am Beräich vun der Integratioun, wat jo der schlussendlech der Allgemengheet zu Gudd kënnt ze berücksichtegen.
Zenter Joere schonn huet d’CSV hei am Gemengerot eng nei Beliewung vum Jumelage proposéiert. Mir si frou datt dëst elo dann och komme soll – eng positiv Initiativ, besonnesch am Kader vun der europäescher Integratioun. Hei sollt ee besonnesch Wert op de Veräins- a Schüleraustausch leeën. Och dës Iddi stoung am CSV Walprogramm.
Wat d’Gemengeninfrastrukturen ubelaangt
esou stoung ebenfalls an eisem Walprogramm, dass mëttelfristeg en neie Service Technique mat engem Recyclingspark ausserhalb vun den Uertschaften entstoe sollt. A wann de Service Technique bis an déi nei Infrastrukturen geplennert ass, wier am Kader vun enger virsiichteger Finanzpolitik, déi jo och an der Schäfferotserklärung ëmmer erëm ernimmt gëtt ze iwwerleeën ob um aktuelle Site net Plaz genuch wär fir eis Rettungsdengschter. Oder wat soll soss mat deene Gebailechkeete passéieren?
Am Beräich Ëmwelt an Ökologie
ënnerstëtze mir eng Renaturalisatioun vun der Gander. Dat séiert Färdegstellen vun der neier Kläranlag ass eng absolut Nécessitéit, a wa si bis leeft wärt och dat der Gander gudd doen.
Mir sinn allerdéngs der Meenung dass de Schäfferot net genug a Saache Kompensatiounsmossnahmen mécht fir déi vill Bauprojeen déi an deene leschte Joere entstanen sinn an nach entstoe wäerten. Hei stinn an eisem Programm konkret Moossnamen dran, déi leider nët an der Schäfferotsreklärung ernimmt gin sinn an dat trotz engem griengen Schäffen.
Am selweschte Kontext vermësse mir konkret Mesurë vun eiser Gemeng déi am Kader vum Klimabündnis geholl ginn. Hei well ech op eis Interventioun am Gemengerot vum 5. Dezember hiweise wou mir am Kader vun der Diskussioun vum Avant-projet vun der Frantz Clement Strooss expressis verbis op e Beliichtungskonzept fir eis Gemeng higewisen hunn.
Dass de Schäfferot privat Investitiounen an erneierbar Energien an an de Klimaschutz duerch eng gezielte Subventiounspolitik ënnerstëtze wellt, geet an déi richteg Richtung, dat eleng geet awer net duer. Eng adäquat Informatiounspolitik a konkret Initiativen um Terrain mat kloer definéierten Zieler am Zesummespill zwësche Privatinitiativen an der Gemeng sollten an engem Klimakonzept duerchduecht a beschriwwe ginn.
Wat d’Attraktivitéit an den Tourismus ubelaangt
do hätte mir eis en neie Camping mat Schwéierpunkt Wunnmobiler a Chaleten um ale Campingsterrain gewënscht. Dat wär sécherlech eng touristesch Beräicherung vir d’ganz Géigend ginn.
En Adventure Parc, spréch eng grouss Spillplaz um alen Campingsterrain, also wäit eraus aus dem Zentrum, esou wéi de Schäfferot dat plangt, fanne mir keng gudd Iddi. Fir en Adventure Park hun mir éischter un de klenge Brill, an zwar un den Emplacement vun der aler Piscine geduecht, well dat méi zentral läit.
Eis fehlen an der Schäfferotserklärung och d’Uleen vun historeschen an kulturellen Trëppel- an Wanderweeër. Mat wéineg finanziellem Opwand kéint een dee Projet realiséieren an zesumme mam Uleeën vu Vëlospisten den doucen Tourismus förderen an esou eng lokal a regional Tourismusdiversifikatioun bedreiwen.
Wat déi regional an national Projeten ugeet
ënnerstëtze mir de Bau vun engem Lycée an eiser Gemeng. D’CSV war déi éischt Partei déi iwwerhaapt mat esou enger Iddi hei an de Gemengerot komm ass.
Beim Velodrom, wann en dann op Mondorf komme sollt, muss onbedingt e kohärente Projet, dien och fir eis Gemeng interessant a Synergieméiglechkéte mat den Infrastrukturen als Thermalstat mataschléisst, konzipéiert ginn.
Eng aner Saach, déi de Schäfferot net aus den Ae verléiere sollt ass, dass nach an dëser Legislaturperiod eng Décisioun a Saache Gemengefusioun sollt geholl ginn. D’Gemengefusioun sollt net zum Spillball zwëschen de Parteie ginn och net zwësche Schäfferot an Oppositioun. Duerfir froe mir de Schäfferot wéi hie gedenkt dës Diskussiounen unzegoen. Eng informell Gemengerotssëtzung fir déi eenzel Punkten ze diskutéieren, déi bei der Gemengefusioun ze beuechte sin sollt en eiser Meenung no ganz kloer an d’A faassen.
Als Conclusioun hält d’CSV Fraktioun fest,
dass de Programm vum Schäfferot an etlech Punkte mam Walprogramm vun der CSV iwwerteneestëmmt, awer alt eben net an alle Punkten.
Et feelt virun allem u konkreten Aussoen a punkto Ëmwelt, Klimaverännerung an ekologescher Bautepolitik, enger “grénger” Handschrëft also.
Et feelt awer och un engem sougenanntenen Tableau de Bord wou am Virfeld eng Rei vu qualitativen a quantitativen Zieler festgeluegt sinn op déi déi zoukënfteg Aktioune vum Schäfferot histeieren, déi och fir de Gemengerot novollzéibar sinn an en Cours de Route feststellbar machen ob d’Gemengepolitik am gaang ass déi gesat Zieler ze erreechen.
An dem Sënn wäre mir och frou wann de Schäfferot säin 5 Joeresplang, also seng mëttelfristeg Projektiounen iwwert d’Realisatioun vu grousse Projeten an d’Entwécklung vun de Gemengenfinanzen, emol am Joer hei am Gemengerot géing offiziell virstellen, anstatt nëmme vun esou engem Plang ze schwätzen.
An dem Kader wär et och net schlecht fir iwwert déi mëttel- a laangfristeg viséierten Awunnerentwecklung ze informéieren an eng Projektioun vun der Entwécklung vun de laafende Käschten an op déi ze schafen Infrastukturen ze machen. Dat wär op alle Fall e grousse Schrëtt a Richtung Wäitsiicht, Transparenz an Informatioun vum Bierger.
Schlussendlech wënschen och mir eis eng gudd a konstruktiv Zesummenaarbecht, souwéi deen néidege Respekt tëschent deenen eenzelne politische Fraktiounen an natierlech och tëschent dem Schäfferot an der Oppositioun. Et geet awer selbstverständlech net nëmme mat schéine Wieder duer och musse konkret Aktiounen nokommen.
Ech soen Iech Merci.
D’CSV-Fraktioun am Mondorfer Gemengerot