Vereedegungsfeierlechkeet an der Gemeng

Vereedegungsfeier vum Gemengerot 2011

En Donneschden, den 24. November ass den neie Gemengerot vereedegt ginn. Och déi véier CSV Vertrieder am Gemengerot sinn elo am Amt. Christiane Reuter-Groben, Francis Rollmann, Christian Dublin a Gérard Bichler vertriede vun elo un d’CSV am Munnerefer Gemengerot fir eng Mandatsperiod vun 6 Joer. "Mir wäerten eng konstruktiv Oppositiounspolitik maachen", huet de Gérard Bichler betount. D’Madame Buergermeeschter hofft op eng gudd Zesummenaarbecht am Gemengerot. D’CSV Fraktioun och, an awer huet och d’Oppositioun hier Roll an der Demokratie ze spillen. Am Spannungsfeld vu Kritik an Zesummenaarbecht soll dat Bescht fir der Mondorfer Bierger erauskommen. Den éischte Gemengerot ass e Méindeg, den 5. Dezember owes um 17.00 Auer. Um Ordre du jour steet iwweregens d’Ofrappe vum ale Gemengenhaus fir deeër neier Maison Relais Plaz ze maachen.

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)