Fir 41 neigebuere Munnerefer Kanner goufe Beem gesat

Op Invitatioun vun der Ëmweltkommissioun sinn d’Eltere vun 41 neigebuerene Kanner mat hire Puppelcher op den Futtballsterrain invitéiert gi fir den Dag vum Bam ze feieren. De President vun der Ëmweltkommissioun war zwar am Ausland a konnt bei der Feierlechkeet net derbäi sinn. Et war dunn d’Madame Buergermeeschter, déi d’Leit begréisst huet. Als CSV ware mir och hei vertrueden. Mir fannen esou Initiativë wichteg sinn awer der Meenung datt se éischter symbolesch sinn an och laang net duer gi fir als „Mesure de compensation“ fir dat massivt Gebauts zu Mondorf zielen ze kënnen. Awer en Ufank ass et.

D’CSV félicitéiert allen Eltere fir hier neigebuerene Kanner a wënscht der ganzer Famill all Guddes a vill Freed mateneen.

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)